Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 20. Mee ass den 140. Dag (141. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1346: De Karel IV. gëtt zum Kinnek gewielt, als Géigekinnek vum Ludwig dem Bayer.
- 1882: Däitschland, Éisträich-Ungarn an Italien schléissen den Dräibond (Triple Alliance).
- 1902: Kuba gëtt vun den USA onofhängeg.
- 1906: Den Simplon-Tunnel tëscht Italien an der Schwäiz gëtt ageweit.
- 1927: Saudi-Arabien gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1989: De chinesesche Premierminister Li Peng declaréiert d'Krichsrecht op der Plaz vum Himmlesche Fridden.
- 1990: Éischt fräi Presidentschafts- a Parlamentswahlen a Rumänien zanter 50 Joer.
- 2002: Osttimor gëtt als "Republica Democratica de Timor-Leste" vun Indonesien onofhängeg.
- 1753: Toussaint Louverture, haitianesche Fräiheetskämpfer.
- 1799: Honoré de Balzac, franséische Schrëftsteller.
- 1806: John Stuart Mill, englesche Philosoph an Economist.
- 1904: Margery Allingham, brittesch Schrëftstellerin.
- 1908: James Stewart, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 1916: Trebisonda Valla, italienesch Liichtathletin.
- 1921: Wolfgang Borchert, däitsche Schrëftsteller.
- 1944: Joe Cocker, brittesche Rhythm and Blues-Sänger.
- 1506: Christoph Kolumbus, Séifuerer.
- 1896: Clara Schumann, däitsch Komponistin a Pianistin.
- 1942: Hector Guimard, franséischen Architekt.
- 1954: Robert Capa, US-amerikanesche Fotograf.
- 2005: Paul Ricoeur, franséische Philosoph.