Zwangsrekrutéierten
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ënner 'Zwangsrekrutéierte versteet een e jonge Mënsch , dee gezwongen ass, an enger friemer Arméi ze déngen. Am besonnesche sinn d'Lëtzebuerger Jongen gemengt, déi am Zweete Weltkrich, no der Aféierung vun der Wehrpflicht duerch déi däitsch Zivilverwaltung, grad wéi d'Elsässer, an eng preisesch Uniform gestach si ginn an ënner Zwang géint déi eegen Alliéiert hu misse kämpfen. Den 30. August 1942 huet de Gauleiter Gustav Simon, déi zwangsméisseg Wehrpflicht vun de Lëtzebuerger ugekënnegt. Am Ufank waren d'Joergäng 1920 bis 1924 betraff. Spéider ass d'Wehrpflicht op d'Joergäng 1925 bis 1927 ausgedehnt ginn.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] D'Folleg fir d'Zwangsrekrutéierten an hir Famill
[Änneren] Verstoppte Jongen
Vun den 11.160 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten, hu sech der 3.510 dem Militärdéngscht entzunn. Anerer sinn desertéiert, meeschtens un der Ostfront, wou d'Lëtzebuerger haaptsächlech agesat goufen. Duerzou goufe se vun der Lëtzebuerger Regierung, an hire Radiossendunge vu London aus opgeruff an encouragéiert. Wann et der net méi waren, déi sech net gestallt hunn oder net desertéiert hunn, da war dat drop zréckzeféieren, datt opgrond vum Prinzip vun der Sippenhaft hir Famill an Däitschland déportéiert ginn ass. Et koum also dacks zu Gewëssenskonflikten an de Famillen.
Vun den 3.510 jonke Lëtzebuerger waren der 2.500 an de Bëscher vum Land an och a privaten Haiser verstoppt. Hir Versuergung war mat grousse Problemer verbonnen. Et koum och zu dramatesche Situatiounen, wa Jonge krank gi sinn an Dokteren ënner Liewensgefor hu missen an d'Stoppe goen. Der Gestapo waren nämlech all Mëttele recht wa si versicht huet, si an hire Verstopper ze fannen. Ee vun den dramatesche Fäll war dee vum Zwangsrekrutéierte Camille Sutor a senger Famill vun Iermsdref. Bei hirer Aktioun huet d'Gestapo de Camille am Bett fonnt an hien do erschoss. Dorpshi gouf d'Famill ëmgesiidelt.
Verstopper, iwwert déi nom Krich vill geschriwwe gouf, waren déi vun der Pafendaller Kierch a vum Bunker Hondsbësch.
[Änneren] Flucht an de franséische Maquis
Ënnert dem Wuert Maquis versteet een d'Gruppe vu Resistenzler a Frankräich, déi am Zweete Weltkrich géint den däitschen Okkupant gekämpft hunn. D'Wuert Maquis kënnt vum Wuert Bëscher, sou wéi et se an de Bierggéigenden a Frankräich an a Korsika gëtt. D'Maquisarden (Dat ass d'Wuert fir d'Memberen aus dem Maquis ze bezeechnen), hunn am Zweete Weltkrich am Ënnergrond gelieft an hu sech duerch hir Guerillatätegkeeten an hir Sabotageakten géint déi Däitsch bemierkbar gemaach. Haaptsächlech nodeems déi Alliéiert an der Normandie gelant waren, hu si duerch hir Aktiounen déi regulär alliéiert Truppen ënnerstëtzt. De Maquis ass a Frankräich vun deem Moment un entstanen, wéi d'Nazien déi jonk Fransousen zwangsrekrutéiert hunn, fir an Däitschland ze schaffen. Zu dem Maquis a Frankräich hu sech och vill Lëtzebuerger Refraktären duerchgeschloen, déi d'Méiglechkeeten net haten, fir zu Lëtzebuerg selwer ënnerzetauchen. Duerch Passeuren, déi meeschtens am Optrag vun der Lëtzebuerger Resistenz gehandelt hunn, si se iwwer déi franséisch Grenz bruecht ginn, fir sech un den Aktivitéite vun de franséische Maquisarden géint déi Däitsch ze bedeelegen.
[Änneren] Flucht an déi belsch Armée blanche
An der Belsch goufen et am Zweete Weltkrich, ähnlech wéi a Frankräich, eng Parti Resistenzgruppen, déi mat der Waff an der Hand aktive Widderstand géint déi Däitsch geleescht hunn, wéi:
- D'Armée blanche (op flämesch: Witte Brigade),
- D'Armée secrète (AS),
- De Front de l'Indépendance (FI), ënnert aneren.
Meeschtens sinn dës Gruppen am Ausland ënnert dem Begrëff Armée Blanche zesummegefaasst ginn. Dës arméiert Gruppen haten och Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert an hire Reien.
[Änneren] Un der Front désertéiert
[Änneren] D'Lëtzebuerger Jongen déi sech den alliéierten Arméien ugeschloss hunn
Vill Lëtzebuerger, déi mat Hëllef vu Passeuren iwwer d'Grenz bruecht gi sinn, konnte sech no England duerchschloen. Well Lëtzebuerg keng eegen Unitéiten hat, fir géint déi Däitsch ze kämpfen, hu se sech der belscher Brigade Piron ugeschloss. Den 31. Mäerz gouf extra fir si e Lëtzebuerger Peloton bannent der Artilleriebatterie geschaf. An englescher Uniform hu si sech dunn un der Liberatioun vu Lëtzebuerg bedeelegt. Am ganzen 350 Lëtzebuerger hunn an der Brigade Piron gedéngt a gekämpft.
[Änneren] Ëmsidlung vun de Familljen
De Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten hir Familljen hunn d'Pan misse klake wann d'Jonge sech net gestallt hunn oder wa se desertéiert sinn. D'ganz Famill ass da meeschtens ëmgesidelt ginn. Ënnert de ronn 5 000 Männer, Fraen a Kanner, déi wéint Däitschfeindlechkeet no Schlesien ëmgesidelt goufen, waren och 459 Familljen, déi hu missen an de sauren Apel béissen, well de wehrpflichtege Fils ugeblockt war. Déi éischt Ëmsidler (D'Ëmsidlung ass de 17. September 1942 lass gang) sinn am Ufank am Klouschter Leubus(Schlesien) ënnerbruecht ginn. (Zënter 1945 ass Leubus rëm polnesch an heescht haut Lubiaz. An der Ëmsidlung hunn d'Lëtzbuerger missen a Betriber schaffen oder se kruten eng Schëpp an d'Hand fir matt un der Konstruktioun vum Ostwall ze hëllefen.
Am Januar 1943 gouf d'Lager Leubus opgeléist an d'Emsidler goufen op Bobersteen an op Flinsberg bruecht. Nei Lagere sinn a Schlesien entstan, am ganzen 20 Stéck (ouni Leubus). D'Nimm vun deene Lagere bleiwe fir ëmmer mat der Geschicht vun der Ëmsidlung zu Lëtzebuerg verbonnen. Wéi am Fréijoer 1944 den Transport bis a Schlesien ëmmer méi komplizéiert gouf, sinn déi lescht Emsidler an den Honsréck transportéiert ginn. Dat huet bis an den August 1944 era gedauert, bis 14 Deeg éiert d'Amerikaner komm si.
[Änneren] D'Lëtzebuerger am Gefangenelager zu Tambow
Tambow ass eng russesch Stad vu ronn 290 000 Awunner. Si läit 450 km vu Moskau ewech, um halwe Wee tëschent Moskau a Wolgograd. Tambow gouf bekannt, well do am Zweete Weltkrich, vun 1943 un, ronn 10 000 Krichsprisonnéier vun 13 Natiounen hibruecht gi sinn, déi do am Camp Tambow-Rada Nr.188 ënner mënschenonwierdege Conditioune bis zur hirer Fräiloossung a Braken hannert pickegem Drot agespaart waren. Dorënner vill Zwangsrekrutéiert aus Lothringen, dem Elsass an och 1.004 Lëtzebuerger . Si hunn do duerch Keelt an Honger, duerch Ëntbierungen a Krankheeten, schwéier gelidden. Dausende sinn ëmkomm an och 167 Lëtzebuerger hunn do hiert Liewe misse loossen a goufen do begruewen. D'Lëtzebuerger goufen a puer Convoie vun Tambow heem bruecht. Den 3. August 1945 sinn 200 Kranker heembruecht ginn. Am September 1945 goufen aner 600 Lëtzebuerger aus dem Camp vun Tambow no Lëtzebuerg zréckbruecht. Der deemoleger Lëtzebuerger Regierung goufen nom Krich staark Virwërf gemeet, datt si net genuch fir déi Tambowwer Jongen gemaach hätt. Eréischt am Mee 1945 hat si vun der Präsenz vu Lëtzebuerger Krichsprisonnéier zu Tambow erfuer.
[Änneren] Bilanz
Vun alle besate Länner huet Lëtzebuerg, no Polen, pro Kapp vun der Bevëlkerung, déi héichsten Zuel vun Affer beklot.
[Änneren] Wehrmacht
Am ganze sinn 11.160 jong Lëtzebuerger vun de Jorgäng 1920 - 1927 zwangsrekrutéiert ginn. 2.572 sinn ëmkomm, 96 ginn nach ëmmer vermësst (25,50% Doudeger a Vermësster). 3.510 (31,43%) konnte sëch dem Wierdéngscht an der Wehrmacht entzéien oder sinn un der Front desertéiert. 1.551 si mat schwéiere kierperlechen oder séilesche Schied heem komm. Ënnert hinne waren 326 Schwéierverstümmelter, 469 Verwondter an 756 Kranker. 3.614 jong Meedercher hu mussen an den RAD-Arbechtsdéngscht oder an de Krichhëllefsdéngscht. 56 si gestuerwen an 2 vun hinne ginn nach ëmmer vermësst.
[Änneren] D'Lëtzebuerger am Kazett
3.963 Lëtzebuerger goufen tëschent 1940 a 1945 a Konzentratiounslagere gestach oder koumen an de Prisong. 791 vun hinne si gestuerwen , 4.187 Persoune goufen ëmgesidelt, 640 Persounen hunn aus politesche Grënn hir Plaz verluer a vill Lëtzebuerger Beamten, besonnesch Professeren, goufen an Däitschland zwangsverpflicht an op hirer Plaz duerch däitsch Nazien ersat.
En trauregt a bluddegt Ereegnes huet sech an der Nuecht vum 30. op den 31. Januar 1945 am Zuchthaus Sonnenburg ofgespillt, kuerz virun der Befreiung. 819 Prisonéier sinn dunn vun der SS erschoss gin. Sämtlech Lëtzbuerger Zwangsrekrutéiert, 91 Mann, déi do internéiert waren, hunn du hiert Liewe misse loossen. De Gauleiter Gustav Simon hat nämlech den Uerder eraus ginn, kee lëtzebuergeschen Deserteur dierft de Krich iwwerliewen.
[Änneren] Literatur
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Säit Histoprim iwwert d'Zwangsrekrutéirung vun der Lëtzebuerger Jugend
- Ried vum Staatsminister Jean-Claude Junker (2005) bei der Commémoratioun vun den Affer vun de Lëtzebuerger Zwangsrekrutéierten
- Eng Konferenz (2000) zu Ell iwwer d'Lager Tambow Nr. 188
- Säit iwwer d'Lager Tambow vun den Malgré-Nous, op frans.