Zulu (Vollek)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Zulu stellen en afrikanesche Volleksgrupp vu ronn 5 Milliounen Mënschen duer, dee zu de Bantu gehéiert an dee haaptsächlech an der südafrikanescher Provënz KwaZulu-Natal liewt. D'Zulu schwätzen d'Zulu-Sprooch. Ee vun hire bekannte Vertrieder ass de Mangosuthu Gatsha Buthelezi.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Am 15. Jahrhonnert ass dëse Bantu-Volleksgrupp aus dem Gebitt, wou hat de Kongo ass, agewandert. Ënnert hirem Kinnik Shaka (* ca. 1787; † 1828) hu si am Ufank vum 19. Jahrhhonnert hirt Räich mat Gewalt op d'Kàschten vun hiren Noperen vun 260 km² op 28.500 km² vergréissert. Ënnert dem Shaka war d'Zuluräich de mächtegste Stat am südlechen Afrika. Beim "Groussen Treck" koum et ëmmer rëm zu Streidereien an Zesummestéiss mat de Buren. An der "Schluecht um Blood River" huet de Kommandant vun de Buren Andries Pretorius d'Zulu de 16. Dezember 1838 geschlo an hir Haaptstad Umgungundlovu gouf véier Deeg méi spéit zerstéiert. D'Zuluräich konnt seng strategesch Positioun trrotzdem weider am südlechen Afrika behaapten. Am Kampf géint d'Apartheid hu si ennert dem Mangosuthu Gatsha Buthelezi eng gemässegt Positioun ageholl, déi vun der radikaler Positioun vun de Xhosa grondverschidde war.
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Xhosa