Sender vun Diddeleng
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sender vu Diddeleng um Ginzebierg ass eng Anlag vun RTL fir Radios- an Televisiounssendungen.E war fréier, éier et Satellite gouf, och fir Transmissioune vun europawäite Sendungen eng Relaisstatioun fir d'Eurovisioun.
Vun hei gi Sendungen verbreet an folgende Beräicher:
- Televisoun
- 1 Sender VHF vun 100 kW PAR
- 3 Senderen UHF vun 200kW bis 1000 kW PAR
- Radio-UKW
- 3 Senderen vun 100 kW PAR
D'Anlag besteet aus engem administrativen an technesche Gebai an engem Sendetuerm derniewt, a si stinn op engem klenge Plateau just ënner dem Ginzebierg, eng vun den héichste Koppen ëm Diddeleng op enger Héicht vu 417, 5 m iwwer NN.
De Sendetuerm ass e Gittermast deen elo eng Héicht vu 285 m huet. En ass an den 1960er Joeren opgeriicht gi fir eng méi kleng Anlag ze ersetzen. Am Ufank war en och méi héich, mee no engem Accident, den 31. Juli 1981, wou ee belsche Militärfliger dragerannt war, a wou ausser dëm Pilot vum Fliger ee Matarbechter vun RTL mat senger Fra dran ëmkomm war, gouf en op d'Héicht vun 285 m nei opgericht. Bei deeër Fléckerei ass och déi iwescht Antenn e bësselchen ausser Senkel geroden.