Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
World of Warcraft - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

World of Warcraft

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

World of Warcraft
Vergréisseren
World of Warcraft

World of Warcraft oder och WoW genannt, ass ee Computerspill, méi genee een MMORPG (massively multiplayer online role-playing game) vu Blizzard Entertainment an der Fantaisiewelt Azeroth an ass de véierten Titel an der Rei vun de Warcraft-Spiller. Mat iwwer 6 Millioune Suscriptiounen (5 Mio an den USA, 1 Mio an Europa) ass World of Warcraft domadder ee vun de beléifteste Rollespiller.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Geschichtlechen Hannergrond

De Spiller befënnt sech an der imaginärer Welt vun Azeroth, enger fantastescher Welt déi Hexerei, Aventure a Mudd verbënnt. Geschichtlech spillt World of Warcraft véier Joer no Warcraft III: The Frozen Throne. Et ass also véier Joer hier dass d'Brennend Legioun hir Invasioun vun Azeroth probéiert huet, an d'Welt huet sech drastesch verännert. Lordaeron, ehemolegt Kinnekräich vun de Mënschen ass elo vun den Ondoudegen besat, d'Orks hunn Territoire vu Kalimdor a Besëtz geholl an d'Allianz ass verspreet an den Ëstleche Kinnekräicher.

[Änneren] Spillverlaf

Wéi an alle Rollespiller kritt de Spiller Missiounen, sougenannt Quests déi hien erfëlle muss, a fir déi hien Erfahrungspunkten an och mol déi eng oder aner Belounung, sief et a Gold oder a Form vun engem Géigestand, kritt. Dat erméiglecht dem Spiller ëmmer méi héich Stufen z'erreechen, also och ëmmer méi staark ze ginn. Dës Quests sinn dacks ganz verschidden. Déi eng Kéier muss een dem Zwerg am Duerf nierwendrun e Faass Béier liwweren, déi aner Kéier duerch d'hallef Spillwelt reesen, nëmme fir mat engem ze schwetzen, oder awer och beweisen datt ee Mudd huet, an eng Partie vun de "Béisen" ëmbréngen. Zu dësem Zäitpunkt ass déi héchste Stuf déi een erreeche kann Level 60, mee och dëst soll mat der Erweiderung am Fréijoer geännert ginn, an op 70 eropgesat ginn.

[Änneren] Vu Gnomen an Tauren

De Spiller kann tëscht zwou Fraktioune wielen, der Allianz an der Hord, woubäi him pro Fraktioun véier verschiddene Volleker an ning verschiddene Klassen zur Verfügung stinn, déi all hir Vir- an Nodeeler hunn. D'Allianz besteet zur Zäit aus de Mënschen, den Zwergen, de Gnomen an de Nuetselfen. D'Hord deelt sech an Tauren, Orks, Ondoudeg an Trollen.

Donierwt ginn et nach eng Partie aner Volleker, déi een awer net selwer spille kann, sougenannt NPCs, Non-player characters. Zu dësen zielen d'Goblins, d'Ogeren, d'Héichelfen, d'Murlocs an d'Nagas.

Fir d'Fréijoer 2006 ass eng Erweiderung geplangt an där déi zwou Fraktiounen e weider spillbart Vollek kréie sollen (World of Warcraft: The Burning Crusade).

Wann een sech dann elo vir ee Vollek entscheed huet, huet een, je no Vollek, d'Wiel tëscht folgende Klassen: Druid, Jeeër, Magier, Hexemeeschter, Paschtouer, Krieger, Schaman, Paladin an Déif. All Klass huet gewësse Spezialitéiten, déi si vun denen aneren ënnerscheeden.

[Änneren] Den Alchemist an den Ingenieur: Beruffer

Am Spill kann een sech och nach fir zwee Haaptberuffer an dräi Nieweberuffer entscheeden, déi ganz nëtzlech sinn.

Zu den Haaptberuffer zielen den Alchemist, de Kreidersammler, den Erzsammler, de Schmadd, de Verzauberer, de Schneider, de Liedersammler an de Liederveraarbechter an den Ingenieur. Je no Beruff ass och nach op méi héigem Niveau eng Spezialisatioun méiglech (sou kann de Schmadd sech zum Beispill entscheeden op e léiwer Rüstungsspezialist oder Schwerterspezialist wëll sinn). Oft gëtt bei dëse Beruffer och nach tëscht de renge sougenannte "Sammelberuffer" ënnerscheed, wou et de Leit nëmmen drëms geet d'Réimaterial ze sammelen (zum Beispill Kraider, Eisen oder Lieder) mee dei keng Verarbechtung dovunner als zweeten Haaptberuff hunn.

Als Nieweberuffer zielen Éischt Hëllef, Kachen a Fëschen.

Ausserdem gëtt et nach ee Beruff deen den Déif virbehalen ass: Gëftmëscher.

[Änneren] PvE, PvP an RP: Serverchinesch ?

Wann een d'Spill fir d'éischte Kéier auspéckt, muss een sech fir ee Servertyp entscheeden, op deem ee spille wëll. World of Warcraft bidd véier verschidden Type vu Server un. Op engem PvE-Server (Player versus Environment) brauch een net ze fäerten, dass op eemol ee vun der géignerescher Fraktioun opdaucht, an een ëmheet. Fir géint d'Hord op engem PvE-Server unzetrieden, muss een entweder en Duell fuederen, oder awer déi dofir ageriichte Schluechtfelder besichen. Fir de Rescht lafen déi zwou Fraktiounen éischter "nierwendeneen". Op engem PvP-Server liewt et sech do scho méi geféierlech. Déi zwou Fraktiounen hunn zwar hir ege Gebidder wou engem an der Regel näischt passéiere kann, mee aner Länner an der Welt vun Azeroth ginn als "ëmstridden" ugesinn, an do kann et emol virkommen, datt een net nëmme géint de Computer spillt. En Zousaz du denen zwee Haaptservertypen sinn d'RP-Server, d'Rollespill-Server, déi et suewel am PvE wéi am PvP gëtt. Op engem Rollespillserver gëlle méi streng Fairplay-Regelen, an och d'Ëmgangssprooch an den Numm deen ee sengem Charakter gëtt ginn iwwerwaacht.

[Änneren] Gilden

An der Welt vu World of Warcraft gëtt och sougenannte Gilden, wou sech d'Leit zesummeschléissen. Dëst ass aus verschiddene Punkten ganz nëtzlech. Engersäits kann een sou meeschtens méi gënschteg u verschidde Ressource kommen, well dat an der Gild dann ënnerdeneen ausgehandelt gëtt, a well ee verschidden Aufgaben net alleng ka maachen, ass et ëmmer gutt eng Grupp ze hunn, op déi een sech verloosse kann, wann een Hëllef brauch.

[Änneren] Kommunikatioun

Fir am Spill mat Aneren ze kommunizéieren ginn et eng Partie Méiglechkeeten. Sou huet een zum Beispill déi witzeg "Emotes" mat denen een engem anere Spiller wénke kann, ee begréissen, a jo suguer kolen! Wee gëtt och net schwaach wann eng kleng Gnomefra engem seet et sollt een hir am beschten direkt en alkoholescht Gedrénks spendéieren, wann ee wéilt dass si engem géigeniwwer favorabel agestallt ass.

Et kann een dann och ganz normal schreiwen, an dat iwwer verschidden Chatkanäl. Sou bitt World of Warcraft een allgemenge Kanal, een Handelskanal, een "Ech sichen eng Grupp"-Kanal, e Gruppekanal (bis zu fënnef Spiller), e Raidkanal (bis zu véierzeg Spiller) souwéi och nach privat Messagen.

Bei grousse Gilden an deemno och grousse Projeten ass et och üblech, direkt mateneen ze schwetzen, wat gréisstendeels iwwer Programmer wéi Teamspeak oder Ventrilo leeft.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

  • Warcraft

[Änneren] Um Spaweck


Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com