Willy Goergen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Guillaume ("Willy") Goergen (* 30. Abrëll 1867 zu Steesel; † 6. Juni 1942 an der Stad Lëtzebuerg) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
De Willy Goergen huet nom Atheneum zu Bonn, Léiwen a Stroossbuerg Sprooche studéiert an ass dann zu Lëtzebuerg Enseignant ginn. 1892 huet hien d'Elise Kientzlé bestuet. D'Koppel krut zwee Jongen; deen éischten dovunner war de Max Goergen, deen och Schrëftsteller gouf.
Mat Schreiwen huet de Willy Goergen eréischt ugefaang, wéi e Mëtt 30 Joer al war. No sengem éischte Lyrikband, Hémechts-Te'n (1901) sinn der eng 33 anerer nokomm, heiansdo zwee am selweschte Joer. D'Theme vu senge Gedichter hu sech meeschtens ëm d'Natur, d'Joreszäiten oder d'Léift zu den Eltere gedréint; drënner waren och Lueflidder op d'groussherzoglech Famill an op d'Onofhängegkeet vum Land. Och seng Kannerlidder hu Gefale fonnt, dat bekannst ass wuel "Léiwe Kleeschen".
Ausserdeem huet de Willy Goergen Theaterstécker geschriwwen, kuerz Koméidisstécker.
[Änneren] Säi Wierk
[Änneren] Gedichtsbänn
- Heemechts-Te'n
- Blummen a Blieder
- Spackelro'sen
- Léd a Le'ft
- Stonneklank
- Fridd a Freihét
- Sturm a Sonneschein
- Vu Grond dem Hèrz
- Fir de' Kleng a fir de' Gro'ss
- Letzeburger Gedichter
- Eng Streisschen Hémechtsblummen
- Schle'wen an Drauwen
- D'Klacke lauden
- Le'fstack a Batteralzem
- Siwenerlé aus Hèrz an Haus a Feld
- Fréd a Léd
- Aus der Hémecht
- Eng Handvoll Sonn
- Erönnerongen
- Letzeburger Joerszeiten
- Aus dem Liewen
- Fre'hjorsble'en a Wanterflacken
- E Buki Spackelro'sen
[Änneren] Theaterstécker
- Arm a Reich
- Zwe'n hart Käpp
- Dat zéngt Gebot
- Den domme Jong
- 1+1+1=3
- Eng krommenalesch Trap
- Am Pyjama