Max Goergen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Max Goergen, gebuer den 29. November 1893 zu Steesel, a gestuerwen den 9. Februar 1978 am Wolzer Spidol) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, deen haaptsächlech wéint sengen Theaterstécker bekannt ass.
[Änneren] Säi Liewen
Hien ass den 29. November 1893 zu Steesel gebuer, a war dat eelste vun zwee Kanner vum Secondaire-Professer Guillaume, genannt Willy Goergen a senger Fra Elisabeth, gebuer Kintzelé, dem Meedche vun engem Schoulmeeschter.
Säin Elterenhaus, d'Staffelshaus ass haut nach erhalen.
1898 plënneren seng Eltere mat den zwee Bouwen an Stad. Seng Première mécht de Max 1913 am Kolléisch. Ee Joer drop schafft hien an der Assurance-Vieillesse et Invalidité. Et war ëm déi Zäit, wou de Goergen Problemer mat sengem Gehéier krut, eng Krankheet, déi hie bis zu sengem Doud geplot huet.
Säin Neveu Lucien Jacoby huet sech du bis zu sengem eegenen Doud am Joer 1999 ëm déi grouss Bibliothéik vun enger 32.000 Bicher gekëmmert, déi en zesumme mam Haus der A.s.b.l. EBLUL-Lux (European Bureau for Lesser Used Languages) vermaach huet, déi do de Projet Sproochenhaus Wëlwerwolz installéiert huet.
[Änneren] Säi Wierk
[Änneren] Theaterstécker
- Dohém. Eng dramatesch Zén an èngem Akt, 1918, gedréckt an editéiert vum J.P. Worré, Lëtzebuerg.
- D'Schmattslisy. Volléksstéck aus dem Mierscherdall an 3 Akten, Musek vum Fernand Mertens, 1918, gedréckt an editéiert vum J.P. Worré.
- Ons Hémecht. En nationalistescht Stéck an 3 Akten, Musek vum Fernand Mertens, 1919 gedréckt an editéiert vum J.P. Worré.
- D'Schamber garni. E Loschtspill an drei Akten vum Déngens Mätt, 1918, gedréckt an editéiert vum J.P. Worré, Lëtzebuerg.
- D'Meedche vu Götzen. Vollékstéck a ve'er Akten a fönnef Dêler, 1923, gedréckt an editéiert vum J.P. Worré, Lëtzebuerg.
- Letzebuerger. Eng Szén nom Liewen vum ***. Member vum Letzeburger Nationalinstitut, 1924, "Egentom vum Letzeburger Literatur- a Konschtverlag", gedréckt vum "P. Worré-Mertens, Lamperbirg".
- Den Amerikaner. En êscht Spill an engem Akt vum Goergens Max.
- De Pontemätti. Eppes Konterbosseges an drei Dêler vum Goergens Max, Letzeburg 1927. An der St.Paulusdreckerei zo' Letzeburg gedréckt. Am Verlag beim Vic. Neuens, Esch-Uelzecht.
- D^'Exzellenz. Eppes Schausseges an zwe'n Akten vum Dengens Mätt]], 1928, Theaterverlag Victor Neuens, Esch-Uelzecht. Drock vun der Solimpa.
- Aus engem "Letzebuerger Kröppespill" vum Lennerse Jämp