Wilhelm von Biela
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wilhelm Freiherr von Biela, gebuer den 19. Mäerz 1782 zu Rossla am Harz, gestuerwen den 18. Februar 1856 zu Venedeg, war en éisträicheschen Astronom an Offizéier.
Als Hauptmann vun der Artillerie huet de von Biela d’Feldzich 1805, 1809 an d’Befreiungskricher matgemaach, a gouf spéider (1832) Plazkommandant vu Rovigo.
Bekannt gouf de von Biela duerch d’Entdeckung vum no him benannte Koméit. Niewent den Observatioune vu Koméiten huet hien och d’Sonnenflecken ënnersicht.