Wilhelm Beer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wilhelm Wolff Beer gebuer den 14. Januar 1797 zu Berlin, a gestuerwen den 27. März 1850, war een däitsche Bankier an Amateurastronom. Säi Brudder war de Komponist Giacomo Meyerbeer.
[Änneren] Liewe vum Wilhelm W. Beer
Seng Schoulbildung krut hien am Joachimsthalsche Gymnasium zu Berlin . 1813 ass hien an d’Kavallerie agetratt an nëmmen ee Joer méi spéit huet de Beer vun 1814 - 1815 um Befreiungskrich deelgeholl an huet do säin Offizéieschpatent kritt.
1818 huet hien am Geschäft vu sengem Papp geschafft an e puer Joer méi spéit ganz iwwerholl.
Als Amateurastronom huet de Beer an de Joeren vun 1830 bis 1840 eng ganz gutt Aarbecht geleescht. Fir zeechne vun enger genauer Mondkaart huet hie vill Éierunge kritt an ass zum Ritter des Danebrogs ernannt ginn. Hie krut de Lalandeschen Präis an der Goldmedail fir Konscht a Wëssenschaft.
De Beer war och Direkter vun der Potsdam-Leipzeger Eisebunns-Gesellschaft. 1838 gëtt hie Member vun der Armekommissioun vun der jiddescher Gemeng zu Berlin an ass dann zum Ritter vum Wasa-Uerden ernannt ginn. Obschonns de Beer an de Mädler 1840 e Wierk iwwer d’ Sonnesystem erausginn (Fragment sur les corps célestes du système solaire), huet hie selwer de Ruff als Berufsastronom zu Paräis 1841 a Pulkovo 1844 ofgelehnt. 1844 ass hien och an den Adelsstand duerch den Herzog vun Toskana opgeholl ginn.
[Änneren] Astronomie, säin Hobby
Berühmtheet huet de Beer duerch seng Leeschtungen als Amateurastronom kritt. Géint 1824 huet de Beer zesumme mam Astronom Johann Heinrich Mädler décidéiert fir op engem Terrain deen dem Beer gehéiert huet direkt nieft dem Berliner Tiergarten en Observatoire opzeriichten dee gläich drop mat engem 97/1460 Refrakter vum J. W. Pastorff (*1767-†1838) vu Buchholz bei Frankfurt op der Oder equippéiert gouf.
Zesumme mam Astronom Johann Heinrich Mädler huet hien an de Joren 1834 bis 1836 eng genee Moundkaart (Mappa Selenographica) erausginn. 1837 huet hien eng Moundbeschreiwung (Der Mond nach seinen kosmischen und individuellen Verhältnissen) erausginn.
De Beer an de Mädler hunn 1830 och eng éischt systematesch Duerstellung vun der Marsiwwwerfläch mat Hëllef vun engem Marsglobus opgestallt. 1840 hunn déi Zwéin eng detailléiert Marskaart virgestallt, an hunn d’Rotatiounsperiod vum Mars op 24 Stonnen, 37 Minutten, 22,7 Sekonne berechent (op 0,1 Sekonn genee).
1835 huet de Beer d’Ëmlafbunne vun de Saturnmounde berechent.