Vincenzo Cerulli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Vincenzo Cerulli ass gebuer den 20. Abrëll 1859 zu Terano a gestuerwe den 30. Mee 1927zu Merate. Hie war en italieneschen Astronom.
De Cerulli hat zu Teramo e Privatobservatoire, wou hien am Joer 1910 den Asteroid (704) Interamnia entdeckt huet. Den Duerchmiesser vun dësem Asteroid ass 317 km, an domatt een vun deenen gréissten an der Haaptceinture.
Den Cerulli huet och de Planéit Mars observéiert, a koum zum Schluss, datt déi vu villen Astronomen observéiert Marskanäl net real sinn, sondern op eng optesch Täuschung zeréckzeféieren wäeren. Dëst sollt sech spéider dann och erausfannen.
Zesummen mat der Elia Millosevich stellt hien e Stärekatalog op.
Zu Cerullis Éieren gouf um Mars e Krater no him benannt.