Villa Pauly
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D' Villa Pauly gouf 1923 am Optrag vum Chirurg Dr. Pauly an der Stad Lëtzebuerg gebaut.
D'Gebai ass an engem eklektesche Stil gebaut, mat architektoneschen Elementer aus dem Spéitmëttellalter resp. der Renaissance. Am Zweete Weltkrich war d'Villa Pauly de Quartier Général vun der Gestapo zu Lëtzebuerg.
An den Kellere vum Gebai goufen déi politesch Gefaangener gefoltert a questionnéiert, ier vill vun hinnen an de Gronn, an duerno zu groussem Deel an aner Gefaangenen- oder Konzentratiounslagere koumen. Esou gouf d'Villa Pauly zum Symbol vun der Terrorherrschaft vum Nazirégime zu Lëtzebuerg.
Zënter 1989 steet d'Gebai ënner Denkmolschutz an ass haut de Sëtz vum “Comité directeur pour le souvenir de la résistance” an engem Dokumentatiounszentrum iwwert d'Resistenzbewegungen zu Lëtzebuerg.