Tit Schroeder
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Tit Schroeder, gebuer den 12. Januar 1911 zu New York, a gestuerwen de 27. Januar 1986 war e lëtzebuergeschen Auteur.
Den Tit Schroeder, de Jong vun engem lëtzebuergesche Papp an enger franséischer Mamm, huet e puer Joer zu New York gelieft a koum dann, am Alter vun néng Joer, als Hallefweese mat sengem Papp op Lëtzebuerg, wou hien emol fir d'éischt huet misse Lëtzebuergesch léieren. No senger Primäschoul zu Useldeng huet e säi Secondaire zu Dikrech gemaach.
Hie war Englesch-Professer an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht.
Hien ass virun allem fir seng Gedichter an Theaterstécker op Lëtzebuergesch bekannt ginn, dorënner d'Gedichtsbänn Um haalwe Wee (1966) an De gaunze Wee (1991) an d'Theaterstécker Besuch um Wudderhaff (1963), De Schäffe vum ale Maart (1963) an D'Pëltgesfamill (1965).