Service de Renseignement
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Service de Renseignement de l'État (bis 2004: Service de Renseignements (an der Méizuel)), am Volléksmond och alt Spëtzeldéngscht genannt, ass de Lëtzebuerger Inland-Geheimdéngscht.
Seng Fonctiounen sinn duerch d'Gesetz vum 15. Juni 2004 geregelt. En ënnersteet direkt dem Premierminister. Kontrolléiert soll en duerch eng Chamber-Kommissioun ginn, déi aus de Fraktiounspresidente besteet, wat awer bis haut nëmme partiell de Fall as.
De Service de Renseignement huet bis zu 60 fest Mattaarbechter.
[Änneren] Säi Budget
Zu sengen Haaptaufabe gehéiert d'Iwwerwaachung vun islameschen Immigranten, virun allem duerch Oflauschteren vun Telefonen, an d'Sammele vun Informatiounen iwwer Aktivitéiten, déi der Lëtzebuerger Économie kéinte schueden (z. B. duerch Desinformatiounen oder Industriespionage).
Den Direkter ass zënter 2003 de Marco Mille.