Sandra Dee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Sandra Dee, gebuer den 23. Abrëll 1942 zu Bayonne am New Jersey a gestuerwen den 20. Februar 2005 zu Los Angeles; eigentlech Alexandra Zuck war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin.
No e puer Joer als Model a Tëleeproduktiounen huet si 1957 mat manner wéi 15 Joer hir éischt Filmroll gespillt am Untill they Sail. No hirem Bestiednis 1960 mat dem Popsänger Bobby Darin huet mat deem zesummen an enger Rei vun Teenage-Romanzen gespillt, déi kommerzielle Succès haten. No der Trennung 1967 an e puer zweetklassegen Filmer huet si sech aus dem Filmgeschäft zréckgezunn.
Spéider hat si eescht Problemer mat hirer Gesondheet, déi dozou gefouert hunn, dass si no enger Longenentzündung den 20. Februar 2005 gestuerwen ass.
2004 gouf um Toronto International Film Festival de Film Beyond the Sea virgestallt. E Film iwwer d'Koppel Bobby Darin a Sandra Dee. De Kevin Spyacey, Produzent, Regisseur an Haaptduersteller séngt zuguer selwer, d'Sandra Dee gëtt gespillt vun der Kate Bosworth.
[Änneren] Filmer
[Änneren] Kino
- Until They Sail (1957) vum Robert Wise
- Snezhnaya koroleva (1957) (Stëmm) vum Lew Atamanov
- The Reluctant Debutante (1958) vum Vincente Minelli
- The Restless Years (1958) vum Helmiut Käutner
- A Stranger in My Arms (1959) vum Helmut Käutner
- Gidget (1959) vum Paul Wendkos
- [[* Imitation of Life (1959) vum Douglas Sirk
- The Wild and the Innocent (1959)vum Jack Sher
- A Summer Place (1959) vum Delmer Daves
- Portrait in Black (1960) vum Michael Gordon
- Romanoff and Juliet (1961) vum Peter Ustinov
- Tammy Tell Me True (1961) vum Harry Keller
- Come September (1961) vum Robert Mulligan
- If a Man Answers (1962) vum Henri Levin
- Tammy and the Doctor (1963)vum Harry Keller
- Take Her, She's Mine (1963) vum Henry Koster
- I'd Rather Be Rich (1964) vum Jack Smight
- That Funny Feeling (1965) vum Richard Thorpe
- A Man Could Get Killed (1966) vum Ronald Neame
- Doctor, You've Got to Be Kidding (1967) vum Peter Tewksbury
- Rosie! (1967) vum David Lowell Rich
- The Dunwich Horror (1970) vum Daniel Haller
- Ad est di Marsa Matruh (1971)
- Lost (1983) vum Al Adamson
[Änneren] Televisioun
- The Manhunter (1972) vum Don Taylor
- The Daughters of Joshua Cabe (1972) vum Philip Leacock
- Houston, We've Got a Problem (1974) vum Lawrence Doheny
- Fantasy Island (1977) vum Richard Lang