Sailele Tuila'epa Malielegaoi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sailele Tuila'epa Malielegaoi, gebuer de 14. Abrëll 1945, ass Ausseminister a Regierungschef vu Samoa. Säin Amt huet en den 23. November 1998 ugetrueden; 2001 gouf en erëmgewielt.
Heen ass Economist an deen éischte Samoaner, deen e Studium mat engem Diplom ofgeschloss huet. Viru sengem Amtsuntrëtt huet hee fir déi Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft a fir Coopers & Lybrand geschafft. 1980 gouf e fir d'éischte Kéier an d'samoanescht Parlament gewielt.