Saccharos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Zocker | |
---|---|
Strukturformel: | |
Wëssenschaftleche Numm | |
Saccharos | |
Chemesch Formel | |
C12H22O11 | |
Beschreiwung | |
grouss glaskloer Kristallen | |
Physikalesch Eegeschaften | |
Aggregatzoustand | fest |
Faarf | kristaleg |
Léislechkeet | Waasser |
Dicht | / |
Molmass | /mol |
Schmëlzpunkt | 160 Grad Celsius |
Siedepunkt | 200 Grad Celsius |
Saccharos oder Haushaltszocker oder wéi am allgemengen Gebrauch einfach Zocker (ital.: zucchero, arab.: sukkar, aalind.: sarkara).
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geschicht
Fréier gouf meeschtens mat Hunneg (Europa) an Zockerrouerjus (Indien) geséisst. Et gëtt ugeholl datt d´Verfahren fir den Zockerrouerjus an Zocker ze kristalliséieren am 4. Joerhonnert no Christus an Indien entwéckelt gouf. Iwwert di arabesch Händler koum dunn dëst Wëssen eriwwer an Europa an vun do aus an di verschidden europäesch Kolonien, wou dunn natierlech grouss Zockerrouerplantagen entstane sinn.
Zocker war am Ufank haaptsächlech en Heel- a Stärkungsmëttel, an huet sech ereischt vill méi spéit als Genossmëttel entwéckelt. An der Mëtt vum 18. Joerhonnert gouf dunn den Zocker aus Zockerrommelen gewonnen an gouf am 19. Joerhonnert zu engem groussen Industriezweig ausgebaut.
[Änneren] Eegeschaften
An der Chimie ass et d´Bezeechung fir kristallesch, waasserléislech a meeschtens séiss Kuelenhydraten an gehéiert zu den Einfachzockeren an Oligosacchariden, wat di allgemeng Bezeechnung vun der Saccharos ass, en Zweefachzocker. Si besteet aus engem Molekül α-D-Glukos an engem β-D-Fruktos.
[Änneren] Virkommen
Saccharos kënnt a ville Friischten- a Planzenjusë vir a gëtt haaptsächlech aus Zockerrouer, Zockerrommelen, Zockerahorn an der Zockerpalm gewonnen. De Grondstoff aus dëse Planzen gëtt benotzt fir d´Zockerproduktioun.
[Änneren] Zorten
Zockerzorte ginn am Allgemengen nom Ausgesinn ënnerscheed:
- den Haushaltszocker (Saccharos): ass dee bëllegsten an einfachsten Zocker an ass net esou reng wéi de wäissen Zocker.
- de wäissen Zocker: ass rengen Zocker deen eng ganz gutt Qualitéit huet.
- de brongen Zocker: schmaacht méi kräfteg an gëtt aus karamellhaltegem Zockersirup hirgestallt.
- de Puderzocker: ass gemuelene wäissen Zocker.
- den Hagelzocker: ass déckkäregen wäissen Zocker.
- de Geléierzocker: wäissen Zocker gëtt mat Pektin an Zitrounen-- oder Wäisaier versat a gëtt benotzt fir z.B. Gebees ze machen.
- den Amachzocker: ass déckkäregen wäissen Zocker dee fir d´Amachen vun Frieschte benotzt gëtt.
- de wäisse Kandiszocker: sinn déck Kristallen déi aus rengen Zockerléisungen ganz lues kristalliséirt ginn.
- de bronge Kandiszocker: en ass d'selwecht wéi dee wäissen, just datt do nach karamelliséierten Zocker dobäi kënnt.
- den Invertzocker: do gëtt bei der Saccharos nach duerch en Zousatz vu Saier d´Glukos an d´Fruktos opgespléckt a gëtt haaptsächlech zur Hierstellung vu Kamelle gebraucht.
[Änneren] Gesondheetswäert
Bei der Verdauung gëtt den Zocker an séng Bestanddeeler zersat: an d´Glukos an an d´Fruktos. Hien huet guer keng Mineralstoffer oder Vitaminnen, mä e ganz héijen Energiegehalt. Den Nährwäert vun 1 g Zocker leit bei 4 kcal. Den Zocker verursacht Karies, well séng pecheg Eegenschaften laang un den Zänn hänke bleiwen.
[Änneren] Bedeitung a Verwendung vum Zocker
Weltweit ginn all Joers bal 90 Milliounen Tonnen Zocker hiergestallt. An den Industrielänner gehéiert en zu den Grondnahrungsmëttel. Vun de Kuelenhydrater ginn aleng 28 % a Form vun Zocker konsuméiert. 12 % vun der Energiezoufuhr staamt vum Zocker. Zocker gëtt benotzt fir Gedrénks wéi Kaffi oder Téi ze séissen an ass a ville Liewesmëttel wéi am Schokola oder a Bakwueren ze fannen.
[Änneren] Kuckt och
Zockerausstauschmëttel