Pir Kremer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Pierre (Pir) Kremer (17. August 1919 - 28. Mäerz 2000) war e lëtzebuergeschen Auteur.
Hien huet 35 Joer laang als fräie Mataarbechter vun RTL d'Emissioun Um Stamminet geschriwwen an dra matgespillt. Hie war och Auteur oder Co-Auteur vu 25 Revuën (ënnert dem Pseudonym Pik. Ausserdeem war hien Auteur vu Gedichtsbänn, enger Rei satireschen Texter, Sketcher, Geschichte fir Kanner a Lidder.
[Änneren] Bicher vum Pir Kremer
- Zesummegepicktes (1971)
- Repikéiert (1976)
- Nogepiktes (1982)
- Kanner feiere frou Fester (1984)
- Méi wéi honnert Pärelen (1994)