Pamela Anderson
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Pamela Denise Anderson (* 1. Juli 1967 zu Ladysmith, British Columbia, Kanada) ass eng kanadesch/US-amerikanesch Schauspillerin an e Pin-Up-Girl.
[Änneren] Säi Liewen
Nodeem datt d'Pamela Anderson 1989 bei engem Football-Spill zu Vancouver entdeckt gouf, well se e Reklamms-Tshirt vun der Béiermark Labatt unhat, ass se vu Labatt engagéiert gi fir d'Promotioun vun hire Produiten.
Si ass dunn op Los Angeles geplënnert an am Februar 1990 war se fir d'éischte Kéier Covergirl vum Playboy. Zéng mol duerno sollt se nach am Häremagasine ze gesi sinn. Hire Succès als Sexsymbol vun den 1990er Jore grënnt sech ë.a. op hire grousse Broschtëmfank, dee se am ganze véier Mol verännere gelooss huet.
An der Tëlee hat si hiren éischten Optrëtt als Lisa bei der US-amerikanescher Comedy-Serie Tool Time. Welberühmt ass si awer eréischt ginn duerch hier Roll an der Fernsehserie Baywatch, wou se nieft dem David Hasselhoff fënnef Joer laang d'Rettungsschwëmmerin Casey Jean "C. J." Parker gespillt huet. Weider ernimme kann een nach d'Fernsehserie VIP-The Bodyguards, déi d'Anderson selwer produzéiert huet an an deer se als Valery Irons d'Haaptroll gespillt huet.
Privat war d'Anderson och dacks an de Boulevardsnoriichten, net zulescht wéinst hirem turbulente Bestiednis mam Tommy Lee, dem Batteur vun der Heavy-Metal-Band Mötley Crüe, vun deem d'Hochzäitsvideo vun 1995 an Ëmlaf gerode war. No der Scheedung vum Lee war d'Anderson fir kuerz Zäit mam schwedesche Model Marcus Schenkenberg an duerno mam US-amerikanesche Museker Kid Rock zesummen.
D'Anderson ass Mamm vun zwee Kanner déi et mam Tommy Lee huet (Brandon, * 6. Juni 1996, an Dylan, * 29. Dezember 1997). Nodeems datt se gewuer ginn ass, datt si sech mat enger Tätowéiernol mat Hepatitis-C infizéiert huet, setzt si sech fir d'Bekämfung vun där Krankheet an. Donieft engagéiert se sech fir den Déiereschutz an ass Member vun der Déiereschutzorganisatioun Peta.
[Änneren] Filmer / Fernsehserien
- 1991: The Taking of Beverly Hills
- 1991: Tool Time (Fernsehserie, vun 1991-1993)
- 1992: Baywatch: River of No Return (Fernsehfilm)
- 1992: Baywatch (Fernsehserie, vun 1992-1997)
- 1993: Snapdragon
- 1994: Raw Justice
- 1994: Come Die with Me: A Mickey Spillane's Mike Hammer Mystery
- 1995: Baywatch: Forbidden Paradise
- 1995: Naked Souls
- 1996: Barb Wire
- 2001: V.I.P. (Fernsehserie, vun 1998-2002)
- 2002: Scooby-Doo (Film) (Cameo-Optrëtt)
- 2003: Baywatch: Hawaiian Wedding (Fernsehfilm)
- 2003: Stripperella (Fernsehserie, Stëmm)
- 2003: Scary Movie 3
- 2005: Stacked (Fernsehserie, vun 2005-)