Ons Heemecht
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Ons Heemecht ass d'Nationalhymn vu Lëtzebuerg. D'Melodie vun der Heemecht ass vum Jean-Antoine Zinnen (1827-1898) an d'Wierder vum Michel Lentz (1820-1893). Lauschtert
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Generell Informatiounen
De 5. Juni 1864 gouf d'Uelzecht, wéi dat Lidd am Volleksmond nach genannt gëtt, zu Ettelbréck uropgeféiert. Dat war beim éischte Museksfest vum Allgemeiner Luxemburger Musikverein. Am Haff vun der Primärschoul erënnert haut nach eng Plack dorun. Fir d'éischt gespillt gouf d'Stéck zu Veianen de 25. Mee 1865.
1993, am honnertsten Doudesjoer vum Michel Lentz, krut Ons Heemecht e legale Statut an e gesetzleche Schutz. Am Gesetz vum 16. September 1993, dat d'Gesetz vum 23. Juni 1972 iwwert d'national Ofzeeche geännert huet, heescht et am Artikel 6 datt di éischt an di lescht Stroph vum Gesank «Ons Heemecht» (1859), Text vum Michel Lentz, Musek vum Jean-Antoine Zinnen, sou wéi se am Unhang vun deem Gesetz verëffentlecht sinn, d'Nationallidd vum Groussherzogtum Lëtzebuerg duerstellen.
[Änneren] Gesangstext
[Änneren] Éischt Stroph
Wou d'Uelzécht durech d'Wisen zéit,
duerch d'Fielsen d'Sauer brécht,
Wou d'Rief laanscht d'Musel dofteg bléit,
den Himmel Wäin ons mécht -
dat as onst Land, fir dat mer géif
hei nidden alles won.
Onst Heemechtsland, dat mir so déif
An onsen Hierzer dron.
Onst Heemechtsland, dat mir so déif
An onsen Hierzer dron.
[Änneren] Zweet Stroph
An sengem donkle Bëscherkranz,
Vum Fridde stëll bewaacht,
Sou ouni Pronk an deire Glanz
Gemittlech léif et laacht;
Säi Vollek frou sech soë kann,
An 't si keng eidel Dreem:
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,
wéi as 't sou gutt doheem!
[Änneren] Drëtt Stroph
Gesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äerd, déi äis gedron;
D'Léift huet en treie Widderhall
a jidder Broscht gedon;
Fir d'Heemecht ass keng Weis ze schéin;
all Wuert, dat vun er klénkt,
gräift äis an d' Séil wéi Himmelstéin
an d'A wéi Feier blénkt.
[Änneren] Véiert Stroph
O Du do uewen, deem seng Hand
duerch d'Welt d'Natioune leet,
Behitt Du d'Lëtzebuerger Land
vru friemem Joch a Leed!
Du hues ons all als Kanner schonn
de fräie Geescht jo ginn.
Looss virublénken d'Fräiheetssonn,
déi mir so laang gesinn!
Looss virublénken d'Fräiheetssonn,
déi mir so laang gesinn!