Olymp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Olymp (gr. Όλυμπος) ass den héchste Bierg a Griicheland. De Massif läit no un der griichescher Ostküst, net wäit ewech vu Litochoron, 50 km nërdlech vun der Stad Larissa. Déi héchste Gipfele sinn de Mytikas (och: Mitikas) mat 2.917 m, gefollegt vum Skolio mat 2.911 m, dem Stefani mat 2.909 m (deen heiansdo och als Troun vum Zeus bezeechent ginn ass) an dem Skala mat 2.866 m. Die éischt Besteigung huet den Heinrich Barth 1862 duerchgefouert, deen awer net den Haaptgipfel Hauptgipfel Mytikas erreecht huet. Dëst as eréischt dem Christos Kakalos zesumme mam Frédéric Boissonas an Daniel Baud Bovy den 2. August 1913 gelongen.
Den Olympmassif weis besonnesch geologesch Formatiounen op an eng ganz eege Flora a Fauna. Aus deem Grond ass et schonn 1938 ënner Naturschutz gestallt an 1981 vun der UNESCO zum Biosphärereservat erklärt ginn.
[Änneren] Mythologie
An der griichescher Mythologie as den Olymp de Sëtz vun de Gëtter. Etymologisch gesi bedeit de Begrëff souvill wéi "voll vu Liicht". Sou gouf sech de Bierg vun de Gëtter als spirituell, liichterfëllt Plaz virgestallt.