Nukleotid
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Nukleotid ass e Molekül dat aus engem Zockermolekül déi mat enger Nukleinbas an engem oder méi Phosphatgrupp verbonnen ass, besteet. Eng Nukleinbas ass eng steckstoffhalteg aromatesch mono- oder polyzyklesch Molekül. Nukleotide sinn d'Grondbausteng vun den Nukleinsaiere, verschiddener kënnen awer och als Koenzym fonktionnéieren.
Als Nukleosid bezeechent een en Nukleotid ouni Phosphatgrupp(en), also just en Zockermolekül an eng Nukleinbas.
Wichteg Nukleotiden:
- Nukleotiden déi d'RNS opbauen, den Zocker ass Ribos (a Klammeren den Numm vun der Nukleinbas):
- Adenosinmonophosphat (Adenin)
- Guanosinmonophosphat (Guanidin)
- Cytidinmonophosphat (Cytosin)
- Uridinmonophosphat (Uracil)
- Nukleotiden déi d'DNS opbauen, den Zocker ass Desoxyribos (a Klammeren den Numm vun der Nukleinbas):
- Desoxyadenosinmonophosphat (Adenin)
- Desoxyguanosinmonophosphat (Guanidin)
- Desoxycytidinmonophosphat (Cytosin)
- Desoxythymidinmonophosphat (Thymidin)
- koenzymatesch Nukleotiden:
- ATP (Adenosintriphosphat)
- NAD+
- FAD