Nelly Moia
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Nelly Moia, gebuer de 14. Januar 1938 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin a Fotografin.
Si war Englesch- an Italienesch-Professesch an huet zënter den 1950er Joeren engagéiert Artikele geschriwwen, meeschtens am Tageblatt an am Lëtzebuerger Land, an deenen se fir d'Fraen, fir Ëmweltschutz a géint d'Institutioun Kierch Stellung geholl huet.
Zu hire Publikatiounen zielen de Minettes-Kalenner (1991); Für die Tiere (1992); Für die Frauen (1992); Géint d'Pafen (1994), Mascarons de Luxembourg (1995); Für die Katz' (1999). Si huet d'Nowuert vum Karlheinz Deschner sengem Buch Für einen Bissen Fleisch. Das schwärzeste aller Verbrechen geschriwwen.
Hir Fotoen huet se ë.a. am Escher Theater ausgestallt.