Mystik
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Mystik (v. lat. mysticus: geheimnisvoll, geheim; bzw. v. griich. mystikos oder myein: (Aen a Lëpsen) zoumaachen) ass e reliéist Bestriewen, dat net eréischt an der Zäit nom Doud, mee schonns am Liewen op der Aërd d'Vereenegeung mat enger Gottheet oder d'Erliichtung sicht. Si ass eng an alle Relioune méiglech Haltung vu banneschter spiritueller Erfarung.
Mystik bezeechent déi onmëttelbar erliewten Erfarung (mystesch Erfarung) an/oder d'Erliewnis vun enger gëttlecher bzw. transzendenter Realitéit, déi iwwert dat gewéinlecht Bewosstsinn an déi gewéinlech Erkenntnisfähegkeet vum Mënsch erausgeet. Mystiker gleewen, datt eng Vereenegung mat dem Gëttlichen nëmmen duerch déi perséinlech Erfarung, duerch d'Andauchen vun der Séil an dat Gëttlecht geschéie kann. Dësem Zil sollen z.B. materiell begräifbart ekstatescht Dévouement, Meditatioun, Askese, Faaschten, Pilgerfuerten, mee och Selbstgäisselung oder Drogen, déi d'Bewosstsinn veränneren, déngen.
Mystik sollt een net mat irrationalem Glawe verwiesselen, wéi z.B. de Glawen u rosa Likornen, Heelung duerch Edelsteng, etc. Mystik huet u sech domadder ze dinn, de Wonnercharakter am Liewege ze betruechten, d.h. dat wat matten am Alldag iwwert de Verstand erausgeet. D'Liewen als Wonner ze begräifen heescht och, unzehuelen datt dat, wat jidderee ze verstoen mengt, am banneschte Kär onverständlech a verbuerge läit. Dofir ass och de Glawen un d'Wonner vun enger gëttlecher Muecht der Mystik zouzerechnen, well heibäi aus dem absolut Gëttlichen d'Wonner vum Liewe virum Doud gëtt.
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
- Lëscht vu Mystiker
- Chrëschtlech Mystik
- Yoga
- Kabbala
- Sufismus
- Mysterium
- Vajrayana