Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Madame de Maintenon - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Madame de Maintenon

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

D'Madame de Maintenon

D'Françoise d'Aubigné, (27. November 1635, Niort - 15. Abrëll 1719, Saint-Cyr-l'École), méi bekannt als Madame de Maintenon, wor eng Maîtresse a spéider och geheim Fra vum Louis XIV. (16381715), Kinnek vu Frankräich a vun Navarra.

Si koum am Prisong vun Nior op d'Welt, deen hire Papp Constant d'Aubigné, Jong vum Agrippa d'Aubigné, geleed huet. Obschons kathoulesch, huet si hir Kandheet bei hirer protestantescher Tatta der Mme de Vilette zu Mursay verbruecht. Duerno ass si mat hiren Elteren op d'Martinique geplënnert, wou hire Papp zum Gouverneur vu Marie-Galante ernannt gi war. Dohir koum hire Spëtznumm « Belle Indienne ». Nodeems hire Papp, de Constant d'Aubigné, verschwonne war, ass d'Françoise d'Aubigné 1645 nees a Frankräich zeréckkomm. Si gouf vun hirer Marraine, der Mme de Neuillant opgeholl, déi hir eng Plaz bei den Ursulinerinne ginn huet, fir datt si op en neits ging kathoulesch ginn, an de calvinistesche Glawe ging siloossen.

Am Abrëll 1652, si hat 16 Joer, huet si sech mam Schrëftsteller an Dichter Paul Scarron (16101660), Protégé vun der Mme de Neuilland, bestuet, dee 25 Joer méi al wor. Si wor seng Fra vun 1652 bis 1660. Hien hat hir virgeschlo si ze bestueden, oder hir e Klouschter ze bezuelen. Si soll deen Ament gesot hunn: "J'aime mieux l'épouser qu'un couvent". Si wor d'Animatrice, wärend hirem Bestidnis, vun engem Salon an dee vill Schrëftsteller vun hirer Zäit komm sinn. Doduerch konnt si sech en zolitte Reseau vu Relatioune mat de grousse Geeschter vun hirer Zäit opbauen, dorënner och d'Athénais de Montespan.

Am Alter vu 25 Joer war si scho Wittfra, an och wann de Scarron hir eng grouss Kultur méi no bruecht hat, sou huet hien hir awer kee Verméigen hannerlooss gehat. Aus hirem Bestidnis hat d'Françoise d'Aubigné awer nach hir Relatiounen, sou zum Beispill mat der Anne vun Éisträich, déi hir eng kleng Pensioun zoukomme gelooss huet. Nom Doud vun der Kinnigin-Mamm gouf d'Pensioun vun der Mme de Montespan, deen Ament nach net Favorite, bäibehalen; déi zwou Fraen hate sech beim Maréchal d'Albret kennegeléiert.

Am Joer 1669 gouf d'Françoise d'Aubigné d'Gouvernante vun den illegitime Kanner vum Kinnek mat der Madame de Montespan nodeems si refuséiert hat, d'dame de compagnie vun der Kinnigin vu Portugal ze ginn. Si huet sech zu Vaugirard installéiert, an do fir d'éischt de Kinnek begéint. deen eemol no senge Kanner kucke komm ass. Si koum op en Neits un den Haff am Joer 1673 wéi d'kinneklech Baaschterte legitiméiert goufen. Hir richteg Relatioun mam Kinnek huet am Joer 1675 ugefaangen, an de Louis XIV huet Folgendes a säi Journal geschriwwen: "Il y a quelques jours, un gentilhomme de gris vêtu, peut-être un prince errant incognito entreprit durant la nuit une nymphe égarée dans le parc de Saint-Germain. Il savoit le nom de cette nymphe qu'elle étoit belle, bonne, pleine d'esprit mais sage. La nymphe cependant se laissa faire et ne lui refusa aucune faveur. Cette nymphe ressemblait à s'y méprendre à Mme Sc. ; et je crois deviner qui étoit le prince vêtu de gris. Ce prince est comme moi, il déteste les femmes légères, il honnit les prudes, il aime les sages." Et war och an dësem Joer wou de Kinnek si zu der "Marquise de Maintenon" ernannt huet.

D'Madame de Maintenon
Vergréisseren
D'Madame de Maintenon

Am Joer 1680 krut si vum Kinnek d'Charge vun der « dame d'atour » vun der Dauphine. Wärend si dës Charge hat, ass si op Barèges gefuer, fir de kranken Herzog vu Maine ze pflegen. Hir Faveur ass doduerch immens gewuess.

Nodeems d'Mme de Montespan ëmmer méi d'kinneklech Faveur verluer hat, net zulescht duerch hir Implikatiounen an d'Affär vun de Gëfter, an nom Doud vun der Kinnigin Maria Theresia vun Éisträich ass hir Faveur beim Kinnek gewuess bis datt de Kinnek si heemlech bestuet huet (wahrscheinlech an der Nuecht vum 9. op den 10. Oktober 1683). D'Bestidnis war e Geheimnis bliwwen, mee um Haff goufe sech Froe gestallt. Den Ezechiel Spanheim, Ambassadeur vu Brandenburg, huet geschriwwen: "ce commerce (entre le roi et la marquise), qu'on attribua longtemps qu'à une pure estime et aux seuls agréments de l'esprit et de l'humeur de la dame, a paru si grand et si particulier dans la suite, que le bruit sourd se répandit que le roi l'avait épousée secrètement (...). Cette créance qui fut d'abord prise pour une ces chimères de cour à tourner en ridicule un attachement si extraordinaire dans la suite n'a point paru mal fondé à la plupart des gens mais avoir même d'assez grands préjugés pour l'affirmer. Ceux qui en sont persuadés (...) ne peuvent que l'imputer au penchant du roi à la dévotion, à une mortification de ses sens, à une pénitence de ses amours criminels, et à une conduite particulière par où elle a su engager en premier lieu toute l'amitié et la confidence de Sa Majesté, et en suite , par crainte de retomber en ses faiblesses passées, ou par la considération même de ses infirmités suivies, la porter ( si ces bruits sont véritables) à en faire non seulement sa confidente mais sa femme légitime.".

Der Madame de Maintenon gouf eng grouss Influenz nogesot, ënner anerem an der Decisioun déi zu der Revokatioun vum Edikt vun Nantes gefouert huet (1685) oder och als Ausléiser vum Spueneschen Ierffollegkrich (1701). Wärend si um Haff war, gouf d'Devotioun an d'Rigeur grouss geschriwwen. Vill Historiker hunn sech Froen iwwert d'reell Influenz vun der Mme de Maintenon gestallt. Si huet secher eng grouss Roll gespillt, mee et ass awer och falsch, hir all schlecht Entscheedunge vum Louis XIV. nozesoen.

Dräi Deeg ier de Kinnek gestuerwen ass (1715) huet si sech op Saint-Cyr zeréckgezunn, wou si am Joer 1686 d'Maison royale de Saint-Louis gegrënnt hat, eng Schoul fir jonk adeleg Meedercher, déi awer knapp méi wéi den Adelstitel haten, an déi bis 1790 Bestand hat. Duerno gouf d'Gebai an eng Schoul fir d'Kanner vun Offizéieren ëmgewandelt. 1793 wor et e militärescht Spidol a vun 1808 bis 1940 d'École spéciale militaire de Saint-Cyr.


[Änneren] Literatur zum Thema

  • Madelaine Daniélou, Madame de Maintenon : éducatrice, Bloud & Gay, 1946.
  • Julien Guelfi, Madame de Maintenon : 1635-1719, Hermès, Lyon, 1986 (ISBN 2-85934-155-2)
  • Jean-Paul Desprat, Madame de Maintenon (1635-1719) ou Le prix de la réputation, Le Grand Livre du Mois, Paräis, 2003 (ISBN 2-7028-8643-4)

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

  • Théodore Agrippa d'Aubigné
  • L'allée du roi (IMDb)

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Madame de Maintenon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com