Lucien Koenig
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lucien Koenig, genannt Siggy vu Lëtzebuerg, gebuer den 10. August 1888, a gestuerwen den 15. September 1961, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a Politiker.
Nodeems seng Mamm fréi gestuerwe war, a säi Papp an Amerika emigréiert war, koum de Lucien König am Alter vun engem Joer bei Leit aus senger Famill, déi hien opgezillt hunn. No senger Primär- a Secondaire-Schoulzäit huet hien Däitsch, Geschicht a Philosophie zu Berlin an zu Paräis studéiert. Hie war 1910 Matbegrënner vun der Nationalunioun.
Den nationalisteschen a patriotesche Schrëftsteller König huet eng Partie Liddertexter (z.B. Lëtzebuerg de Lëtzebuerger), Theaterstécker a Gedichter op Lëtzebuergesch geschriwwen.
[Änneren] Kuckt och
- Siegfried I. vu Lëtzebuerg, dee "Siggy", no deem en sech genannt huet.