Lëtzebuerger Fändel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] De Fändel
[Änneren] Proportioun an Andeelung
3:5 oder 1:2 Horizontal, dräi Sträifen: rout, wäiss, hellblo
[Änneren] Faarwen
De Règlement Grand-Ducal vum 27. Juli 1993 leet d'Faarwe folgendermoosse fest:
- Rout: Pantone 032 c
- Blo: Pantone 299 c
- Giel (just um Roude Léiw): 116c
[Änneren] Geschicht
D'Faarwe vum lëtzebuergesche Fändel si fir d'éischt ëm 1830 an der belscher Revolutioun opgedaucht, warscheinlech si se vum Wope vun der Provënz Limburg iwwerholl ginn, mam Ënnerscheed datt den Hannergrond sëlwereg a blo Sträife kritt huet. Déi horizontal dräifaarweg Andeelung ass den 12. Juni 1845 festgehalen ginn.
Et huet bis den 23. Juni 1972 gedauert éiert d'Gesetz iwwer de lëtzebuergesche Fändel (Mémorial A-N51 vum 16. August 1972) agefouert gouf. Doranner goufen och de Fändel/Schëld fir Schëffer a Fligeren designéiert.
[Änneren] De Wopen
De Wope vu Lëtzebuerg ass eng Adaptatioun vum Wope vun dem Herzogtum vu Limburg. Dësen hat aus engem wäisse/sëlwer Schëld an engem roude Léiw bestan. Den Henri de V. vu Lëtzebuerg (Jong vum Walram III. vu Limburg) huet dësen dann, fir e vu sengem Papp an Hallef-Brudder hiren z'ënnerscheeden, verännert andeems e wahrscheinlech (kuckt Loutsch, Jean-Claude: Armorial du Pays de Luxembourg) d'Faarwe vum Banner (giel a roud Sträifen) vun den ale Grofe vu Lëtzebuerg emgeännert huet a mat dem roude Léiw kombinéiert huet.
Kuckt och den Artikel Wope vu Lëtzebuergd'Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]d'Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]d'Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
[Änneren] De Roude Léiw
De roude Léiw ass zënter 1972 den offizielle Fändel (Pavillon) fir all Schëffer (ob se op engem Floss, Kanal oder um Mier fueren) a Fliger, déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn. En ass direkt oofgeleet vum Wope vun der groussherzoglecher Famill. De Roude Léiw um Wope vun der Stad Lëtzebuerg gesäit e bëssen anescht aus, deen huet kee gespléckte Schwanz an och keng gëlle Krallen an Zong.
[Änneren] Aktuelles
De 5. Oktober 2006 huet den Deputéierten Michel Wolter e Gesetzprojet [1] an der Chamber agereecht fir den aktuellen Nationalfändel (rout-wäiss-blo) duerch de Pavillon Maritime (Roude Léiw) ze ersetzen. En argumentéiert, dass den aktuelle Fändel regelméisseg mat dem hollännesche Fändel verwiesselt géif an dass de Roude Léiw anerersäits méi populär, méi ästetesch an historesch méi bedeitend wier. Vill national Politiker (dorënner Leit un der Spëtzt vum Wolter senger eegener Partei CSV) a Perséinlechkeeten hu sech an der Press verwonnert gewisen, wat d'Noutwennegkeet an den Zäitpunkt vun dëser Ännerung ugeet. Déi eenzeg politesch Partei, déi sech fir dës Initiativ ausgesprach huet, war d'ADR.
De 24. Oktober huet eng privat Initiativ mam Numm Initiativ Roude Léiw op enger Pressekonferenz erkläert, dem Michel Wolter säi Projet op enger net-politescher Basis z'ënnerstetzen. Hir éischt Aktioune sollten d'Verdeele vu Roude-Léiw-Autocollanten sinn, an dat op eng Petitioun an enger Internet-Ëmfro hin.
Mëttlerweil ginn et Parodië vun dëser Initaitv, wéi déi, déi sech Initiativ Schwaarzt Rëndvéi nennt.