Provënz Limburg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Provënz Limburg war eng 1815 geschafe Provënz an de Vereenegte Nidderlanden. Si war aus dem Departement Meuse-Inférierue ervirgaang, dat ënnert der franséischer Besatzung geschafe gouf; d'Verwaltungsstrukture vun deem Departement si gréisstendeels bäibehale ginn.
Den Numm war ausgesicht ginn, well an der burgundesch-habsburgescher Zäit eng vun de 17 Provënzen esou geheescht huet. Si huet awer näischt mam alen Herzogtum Limburg ze di gehat, deem säin Territoire sech virun allem an der haideger Provënz Léck erstreckt huet, wou och d'Stiedche Limbourg läit.
1839 gouf d'Provënz Limburg (wéi och Lëtzebuerg) tëscht der Belsch an Holland gedeelt. Zënterhir gëtt et: