Léon Degrelle
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Léon Joseph Marie Ignace Degrelle, gebuer de 15. Juni 1906 zu Bouillon an der Belsch, a gestuerwen den 31. Mäerz 1994 zu Málaga a Spuenien, war e belsche Politiker.
Den Degrelle entstaamt der typescher kathoulescher Mëttelklass; säi Papp war Béierbrauer. Zu Namur an zu Louvain huet hien Droit studéiert. 1930 huet hien d'Chrëschtkinneksbewegung gegrënnt, eng wallounesch autoritär an antidemokratesch Bewegung, benannt no dem Verlagshaus Christus Rex, an deem d' Zäitschrëft Rex erauskoum. D'Rexiste haten 1936 an dem belsche Parlament 21 Sëtzer.
Beim Iwwerfall am Mee 1940 vun der Wehrmach op d'Belsch gouf den Degrelle a Frankräich deportéiert. Mee kuerz drop gouf en do vun den Däitsche befreit. Esou gouf den Degrelle dee wichtegste Collaborateur a sengem Heemechtsland, e belsche Quisling.
Bannent der Waffen-SS huet den Degrelle eng SS-Divisioun Légion Wallonie op d'Bee gesat fir beim däitschen Iwwerfall op d'Sowjetunioun Nazi-Däitschland ze hëllefen. Hie koum als am meeschten dekoréierten (Ritterkräiz mat Eechelaf) auslänneschen Zaldot aus Russland erëm. Um Enn vum Krich huet den Degrelle sech a Spuenien verzunn. An der Belsch gouf hien am Dezember 1945 zum Doud veruerteelt, mee säi Gaaschtland huet hien net ausgeliwwert. 1964 huet dat belscht Parlament de Verjärungsdélai fir Landesverrot verlängert, déi sougenannte Lex Degrelle.
1969 koumen dem Degrelle seng Erënnerunge vun engem Faschist eraus, dora feiert den Auteur den Hitler als "dee gréisste Genie vun allen Zäiten".