KZ Natzweiler-Struthof
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De KZ Natzweiler-Struthof war e Konzentratiounslager (KZ) no bei Natzwiller am Elsass, ongeféier 55 km am Weste vu Stroossbuerg, op enger Kopp vun de Vogesen op enger Héicht vun 800 m iwwer NN.
Dës Plaz war vum Hitler sengem Architekt dem Speer wéinst dem Granit deen do am Buedem läit erausgesicht ginn, deen hie gebraucht huet fir seng Monumental-Gebaier.