Jean-Pierre Welter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Pierre (Jempi) Welter, gebuer den 3. Juni 1902 zu Iernster, a gestuerwen de 14. Mäerz 1945 zu Réiden, war en Auteur vu Revue-Stécker an e Journalist.
Seng Pseudonyme sinn Anagramme vum Virnumm vu senger Frëndin Henriette, déi him de Kuerf ginn hat: Thériente a Picothériente.
De Welter ass den Textauteur vum Un der Atert, op d'Weis vum Oh My Darling, Clementine, enger amerikanescher Western-Ballad. Niewbäi huet en eng Abberzuel vu Lidder geschriwwe fir Revuen.
De Welter war Matediteur vum satiresche Wochenzäitschrëft De Gukuk, an deem hien d' Pitti's Landbriefe geschriwwen huet.
De Jean-Pierre Welter ass bei engem Autosaccident 1945 ëm d'Liewe komm.