Gijón
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Gijón | |
---|---|
Land | Spuenien |
Regioun: | Asturien |
Provënz: | Asturien |
Koordinaten: | 43° 32′ N, 5° 39′ W |
Fläch: | 181,6 km² |
Awunner: | 273.931 (2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 1.508,43 / km² |
Héicht: | 672 m i. NN |
Buergermeeschter: | Paz Fernández Felgueroso (PSOE) |
Gijón (Xixón) ass eng Hafen- an Industriestad an der spuenescher Regioun Asturien an zugläich d'wirtschaftlecht Zentrum vun dëser Regioun. Hei, um Golf vu Biscaya, befënnt sech ee vun de wichtegsten Häfe vun der spuenescher Nordküst. An der Stad mat 273.931 Awunner (Stand 2005) iwwerweit virun allem d'Schwéierindustrie mat Hüttewierker, Werften a Maschinnebau.
[Änneren] Kuckeswäertes
De Palacio de los Valdés, deen 1590 gebaut gouf, ass immens kuckeswäert. A senge Kellere goufen Iwwerreschter vu réimeschen Therme fonnt.
[Änneren] Bekannte Jongen a Meedercher
- José Luis Rubiera, spuenesche Velosportler.
- Santiago Carrillo Solares, spuenesche Politiker a Generolsekretär vun der spuenescher kommunistescher Partei PCE vun 1960 bis 1982.
- Paco Ignacio Taibo II, spuenesche Krimi-Schrëftsteller.
- Luis Enrique, ehemolege spuenesche Foussball-Profi.