Galileo Science Mobil
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Galileo Science Mobil ass deen zweete Bus vum Natur Musée mat der Ënnerstëtzung vum Fonds national de la Recherche a besteet aus engem 42 m² groussem, ausklappbarem Austellungsraum fir Naturgeschicht. Vu Februar 2002 u rullt hien iwwert d'Stroossen duerch d'Land a bleift bei Schoulen, Lycéeën oder op Gemengeplaze stoen.
An éischter Linn sollen an dësem Bus de Schoulklassen an dem "grand public" einfach a verständlech Experimenter zu aktuelle wëssenschaftlechen an techneschen Theme virgestallt ginn, déi all zwee bis dräi Joer changéieren.
Um Science Festival 2005 ass de Bus mat dem Atelier Vun der Natur kopéiert! present.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Technesch Detailer vum Galileo
Den 39 Tonne schwéiere Bus mat enger kuerzer Zuchmaschinn vu Mercedes-Benz an enger 13 m laanger, doubelachseger Semi-remorque huet eng Längt vun 16,3 m, eng Breet vun 2,55 m an eng Héicht vun 3,85 m. Iwwert eng hydraulesch Virrichtung léisst e sech bis op 4,8 m Breet ausfueren. Um Châssis vun der Semi-remorque befanne sech vir an hanne jee zwou hydraulesch Ofstäipen, fir de Bus beim Stationnéieren ze stabiliséieren an an den Niveau ze sëtzen.
Dat technesch modernt Gefier ass mat enger Photovoltaikanlag mat fënnef Solarpanneaue vum Typ BP585F an enger Leeschtung vun 425 Wp ausgerüst. Dës Panneaue leie geschützt am Daach an enger Bidden a loosse sech op 45° Neigung no riets iwwert een elektresche Motor opstellen. D'Solarzelle speisen eng Batterie, déi sech am viischten Deel vun der Semi-remorque befënnt an déngt an éischter Linn fir verschidde kleng Apparaten am Bus mat Stroum ze versuergen.
Zousätzlech huet de Bus nach een 380 V-Uschloss, iwwert deen haaptsächlech d'Beliichtung vum Ausstellungsraum gespeist gëtt. E Stroumgenerator vir am Aggregateraum, wou sech och nach Klimaanlag an Hydraulik befënnt, garantéiert, datt de Bus ëmmer Stroum huet. Dëse Generator huet zesumme mat der Waarmloftheizung een extraen Tank, mat enger Kraaftstoffréserve fir fënnef Deeg.
Um Daach vun der Semi-remorque kann eng kleng Parabolschossel fir TV-Empfaang montéiert ginn, souwéi zwee Teleskop-Fändelmaste mat enger maximaler Héicht vu véier Meter kënne vir riets an hanne riets aus der Karosserie iwwert en elektresche Motor erausgefuer ginn.
Den Ausstellungsraum, mat engem groussen Dësch fir 24 Leit an der Mëtt, ass mat verschiddenen agebaute Multimedia-Apparaten, enger elektresch bedriwwener Leinwand an enger Partie vu Stroum- an ISDN-Uschlëss ausgerüst. Un de Wänn ass Plaz fir grouss Pousteren zum aktuellen Thema opzehänken, souwéi Stauraum a Schief a Vitrine fir eenzel Modeller an Apparaturen ënner ze bréngen. An där zwou Träppleke méi héich geleeëner Bespriechungskabine tëscht dem Ausstellungsraum an dem Aggregateraum befënnt sech ënnert anerem e Spullstee mat Boiler an en agebaute Frigo.
Entworf gouf de Camion vun der däitscher Firma Flad & Flad.
[Änneren] Theme vum Galileo
Dat éischt Thema vum Galileo-Bus an de Joeren 2002, 2003 an 2004 stoung am Virdergrond vun den alternativen an erneierbaren Energien.
Hei goufen ënnert anerem d'Solar-, d'Wand-, d'Waasserkraaftenergie, d'Biomass a Biogaz souwéi d'Potentialer vum Waasserstoff virgestallt a mat Experimenter, wéi ee mat Hëllef vun der Sonn en Thüringer brode kann oder wéi een aus engem Kouflapp Elektresch produzéiert, illustréiert. Awer och de Funktiounsprinzip vun enger Brennstoffzell goufen erklärt.
Natierlech ass och kuerz d'Thema ëm d'Energiespueren ugeschwat ginn an déi konventionell Energiequelle wéi d'fossil Energieträger oder d'Notzung vu Primärenergie a Kuelen- an Atomkraaftwierker goufen net vergiess.
[Änneren] Aktuellt Thema
Vum Mäerz 2005 u ginn zu dem neien Thema Trickkëscht Natur - Natierlech clever eng Rei vun aussergewéinleche Phänomener presentéiert, wéi de Mënsch sech vun der Natur inspiréiere kann, fir Problemer a Fuerschung an Technik ze léisen.
Dat aktuellt Thema ass a fënnef Ënnerthemen agedeelt, woubäi jee verschidde Froe behandelt ginn:
- Fortbewegung um Land, am Waasser an an der Loft
- Op wivill Bee geet et sech am beschten?
- Wat huet de Mënsch vum Gecko geléiert fir Wänn eropzegoen?
- Wat kënnen d'Schwëmmer vun engem Haifësch léiere fir nei Weltrekorden opzestellen?
- Wat fir een Zesummenhang gëtt et tëschent Rakéiten an Tëntefësch?
- Wat huet e Fliger mat engem Vull gemeinsam?
- Wat huet de Fallschirmsprénger vun der Pissblumm geléiert?
- Bauen an der Natur
- Wat fir eng Zesummenhäng gëtt et tëschent de Beiewoben an de Snowboarden?
- Wat hu Satelliten a Kiewerleke gemeinsam?
- Wat huet de Gustave Eiffel vum Uewerschenkelknache geléiert?
- Liewen ënner extreme Bedingungen
- Wéi kënne mir vum Äisbier léiere fir eis Haiser besser z'isoléieren?
- Wéisou brauch een Dromedar keng Schnéischong?
- Wat huet de Bau vum Präriehond mat engem Kamäin ze dinn?
- D'Ëmwelt erkennen
- Wat kann d'Schëfffahrt vun de Flantermais léieren?
- Wéi erkennt eng Schlaang hirt Friessen am Däischteren?
- Wéi funktionnéiert Kommunikatioun bei den Insekten a bei de Gehaansfénkelcher?
- Sech verdeedegen
- Wéisou huet d'Lotusplanz ëmmer propper Blieder a wat kann den Usträicher vun hir léieren?
- Wat kënne mir vum Nuetspäiperlek léiere fir Glas méi einfach ze entspiegelen?
- Firwat bevirzitt just de Clownfësch d'Séianemon?