Géisserei Wies
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Géisserei Wies (och nach 'Fonderie de Luxembourg' genannt), gouf Enn vun den 1930er Joeren vum Jean-Pierre Wies gegrënnt. Si befënnt sech zu Weimerskierch an der rue Munchen-Tesch um rietsen Ufer vun der Uelzecht. Hei goufen haaptsächlech Dampiewen hiergestallt. An den Enn 1970er gouf se zougemach.
1999 huet d'Stad Lëtzebuerg den Lëtzebuerger Guiden a Scouten d'Gebai als nei Zentral proposéiert. D'Bauaarbechten hun am Joer 2004 ugefaangen a si viraussiichtlech 2007 fäerdeg. Ausser der Zentral vun den LGS wäert hei och nach en neie Chalet entstoen.