Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Franséisch Okkupatioun (1684-1697) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Franséisch Okkupatioun (1684-1697)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart w.e.g. mat ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer (Briséis), dee grad dru schafft.

Zanter der Belagerung vun der Stad Lëtzebuerg duerch d'Fransousen am Joer 1684 war den Duché un de Louis XIV. gaangen.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] D'Stad no 1684

Déi éischt Expeditioun vum Créquy (21. - 27. Dezember 1683) hat als eenzege But d'Zerstéierung vun der Stad. De Louvois huet dem Créquy de 27. November geschriwwen:

Prenez vos mesures pour faire commencer à jeter des bombes dans Luxembourg et essayer de brûler cette place le 20 du mois prochain [...] Le roi s’attend à ce que vous n’oublierez rien de ce qui sera possible pour bien brûler toutes les habitations de la ville [...]

Glécklecherweis schloen net all d'Bommen an, an d'Stad ka sech ënner anerem och duerch d'Aarbecht vun de Magistraten an de Bierger virum totale Ruin retten. Trotz allem huet d'Stad Lëtzebuerg awer schwéier Schied dervu gedroen. Dem Vauban säin éischten Androck war folgenden:

Les bâtiments sont extrêmement ruinés tant de la bombarderie de l’hiver dernier que des coups échappés du siège qui sont infinis et qui l’ont tellement gâtée qu’il n’y a peut-être pas dix maisons qui ne soient criblées de coups de canon ou crevées de bombes.

32 waren duerch d'Bombardementer komplett zerstéiert. De Rescht, bis op e puer Ausname, war no 1683/84 an engem lamentabelen Zoustand. Et feelen Diecher, de Buedem ass duerch Projektiler schlëmmer wéi e Schwäizer Kéis. An de meeschte Fäll ass de Rez-de-chaussée nach einegermoossen ze bewunnen.

D'Zerstéierung vu souvillen Haiser war en Desaster fir all Bevëlkerungsschichten, an haaptsächlech fir d'Handwierker an d'Händler. Vill vun hinnen hate sech zanter 1671 kleng Haiser an de Stroosse Chimay, Monterey, Louvigny, Porte-neuve a Beaumont gebaut, an op bal alle lung nach eng Hypothéik wéi d'Fransouse komm sinn. Et hunn also nei Prêtë missen opgeholl ginn, fir d'Reparatiounen, déi de Louis XIV. am Januar 1685 beschloss hat, bezuelen ze kënnen.

E gudden Iwwerbléck iwwert den Zoustand vun der Stad bitt d'Visite générale faicte le 13 juin 1684, eng Lëscht an der Uewerstad fir ze kucke wou een d'franséisch Zaldote kéint ënnerbréngen, an eent vun de vereenzelten Dokumenter wat d'Fransousen net nees mat heemgeholl hunn, wéi si 1697 nees d'Stad verlooss hunn. Hei sinn am ganzen 305 Haiser opgelëscht, mee d'Lëscht ass net komplett, e puer Säite sinn am Laf vun der Zäit verluer gaangen.

[...]
Jean Wirth at bouticq, cuisine et poil ; enhault une petite chambre ou couchent ses enfants et valets. La maison est sans toict et la ch. sur le devant brisé. – ne loge pers., peut loger 3 soldats.
Nic. Dhorn, sa maison entierrement delabore et incapable a loger sans estre refaicte.
George Grasser, La maison est sans toict ; il occ. un poil, une cuis. et une ch. enhault sur ledevant ; sur le derrier appartenante a Josep Pedro loge un vivandier lequel at loué 3 ch. et une autre pardessus avecq une petite escurie. – ne loge personne, peuvent loger avec ledit vivandier 6 soldats.
La maison de l’avocat Hugonel occ. par Ambroise le Prince, le quartier derrier consistant en 2 ch. tout enfonce et sans toict, il occ. un poil, une cuis., une ch. derriere icelle, enhault encore une ch. qui luy serve de grenier, celle de devant a feu, est occ. par les soldats, le toict et grenier entierrement brisé. – loge le lieut. du Prevost, 4 haultbois et un valet de la Corone, peut loger 4 lieut. en quittant les autres.
La maison de l’avocat Aldringen occ. par louage de Harlach : contient un poil, une cuis. et chambrette sur le bas ; enhault une ch. a feu et derriere icelleune petite ch. ; le toict entierrement brisé et les desgres enfoncé par les bombes. – peuvent loger 4 lieut.
[...]

[Änneren] D'Lëtzebuerger tëschent Habsburger a Fransousen

[Änneren] "Vive le Roi"

Fir d'Sympathië vum Lëtzebuerger Vollek fir den neie franséische Monarch ze verstoen, muss een sech d'Onzefriddenheet vun de Lëtzebuerger vis-à-vis vun de Spuenier an hirer Garnisoun virun Aa féieren. De Conseil provincial an d'États généraux vu Lëtzebuerg hunn sech dës ëfteren iwwert d'Exzesser vun de spuenesche Regimenter beschwéiert. Si hunn eng sëllech Requêten un de Gouvernement zu Bréissel geschriwwen.

Sou ass et méi einfach ze verstoen, datt et fir vill Lëtzebuerger mat engem neie Regime nëmme besser konnt ginn. D'Land gouf nees sécher, de Kommerz huet en Opschwong erlieft, an duerch grouss Zommen déi de Louis XIV. investéiert huet, gouf d'Stad nees opgebaut an d'Festung ënnert dem Vauban verbessert.

Vill Membere vum ale Conseil provincial sinn net an den Exil gaangen. Ënnert de Spuenier hate si schonn eng flott Carrière gemaach, an sou ass et ze verstoen, datt si dës kaum ënnerbrieche wollten. Den Historiker Paul Margue beschreift dës Situatioun mat de Wierder "Il n’y avait guère de réticence, désormais, à servir les Français pourvu que le service nourrît son homme".

[Änneren] Visite vum Louis XIV. zu Lëtzebuerg (21.-26. Mee 1687)

Louis XIV. vu Frankräich
Vergréisseren
Louis XIV. vu Frankräich

Um Ufank vum Mee 1687 ass d'Nouvelle offiziell. De Louis XIV. huet sech entscheed, sech seng neitsten Eruewerung selwer unzekucken. Laut engem Bréif vum Colbert de Croissy un den Nuntius vum Poopst ass de Sonnekinnek fierwëlzeg, wéi et mat sengem plan de Luxembourg virugeet, dat heescht wéi wäit d'Aarbechten an der Stad an un der Festung scho weidergeschratt sinn. Am Juni vum selwechte Joer huet de Mercure galant en detailléierte Bericht vun dëser Rees erausginn, ënnert dem Titel Journal de voyage de S.M. à Luxembourg.

Nodeems bekannt gi war, datt de Kinnek sollt op Lëtzebuerg kommen, mécht sech de Jean Gerber vun der Stad op de Wee op Metz, wou de Louis XIV. e puer Joer virdrun eng Visite gemaach hat, fir nozefroen, wéi si de Sonnekinnek empfaangen haten. D'Stad gëtt vill Suen aus, fir dës Visite esou schéi wéi méiglech ze maachen. D'Stroosse goufe gebotzt, an d'Fënstere vun der Gemeng beliicht. D'Sergante vun der Stad krute schéin nei Uniformen a Wäin gouf gratis offréiert. Am grousse ganzen huet d'Stad Lëtzebuerg ëm déi 1.500 Livres ausginn.

Den 10. Mee huet sech de Louis XIV. vu Versailles aus op de Wee gemaach, begleed gouf hie vum Racine, dem Père Lachaise, der Mme de Maintenon an diverse legitime Kanner vun der Madame de Montespan an der de La Vallière. Empfaange gouf hien den 21. Mee vum Louvois. Nodeems den éischten Owend e grousst Fest an der Stad gefeiert gouf, huet de Louis XIV. d'Zäit genotzt fir sech ëmzekucken, a war vun der Stad beandrockt.

Während senger Visite huet hien eng Partie Audienze ginn, an sech generéis vis-à-vis vum Lëtzebuerger Klerus gewisen. Sou sollt zum Beispill d'Kapell vu Mansfeld ofgerappt ginn, mee de Kinnek schenkt hir 500 Écu, a verbidd ausdrécklech, d'Gebai ze zerstéieren. Als kleng Anekdot gëtt och gären de Fall vum Affekot Knepper erzielt. Dem Affekot seng Fra hat grad e Bouf op d'Welt bruecht, wéi de Kinnek zu Besuch war, an hien huet et gewot ze froen, op de Louis XIV. bereed wier, dem Jong säi Pätter ze ginn. De Kinnek war d'Accord, an sou kann een haut nach an de Registeren vun der Kierch Saint Nicolas de somptuéisen Antrag noliesen, wéi de klenge Louis den 25. Mee do gedeeft gi war, mam Sonnekinnek als Pätter.

De 26. Mee huet de Louis XIV. Lëtzebuerg nees verlooss.

[Änneren] Literatur zum Thema

  • Tony Bourg, Avec Racine à Luxembourg, Les Pages de la S.E.L.F., Lëtzebuerg, 1963.
  • Bertrand Jeanmougin, Louis XIV à la conquête des Pays-Bas espagnols : la guerre oubliée 1678-1684, Economica, Paräis, 2005.
  • François Lascombes, La ville de Luxembourg pendant la seconde moitié du XVIIe siècle, J. Beffort, Lëtzebuerg, 1984.
  • Georges Livet, « Strasbourg, Metz, Luxembourg : contribution à l’étude de la politique extérieure de la France sous Louis XIV », Colloque de Luxembourg, 1977, Metz 1978.
  • Georges Livet, « Louis XIV et les provinces conquises : état des questions et remarques de méthode », in Bull. Soc. Et. XVIIe siècle, n°16, 1958.
  • Henri Lonchay, La rivalité de la France et de l’Espagne aux Pays-Bas : étude d’histoire diplomatique et militaire 1635-1700, Bréissel, 1896.
  • Paul Margue, « Assujettis ou sujets ? Les Luxembourgeois sous Louis XIV », Colloque de Luxembourg, 1977, Metz, 1978, S.21-38
  • Gilbert Trausch, Le Luxembourg sous l’Ancien Régime, Ministère de l’éducation nationale, Lëtzebuerg, 1977.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

  • Belagerung vun der Stad Lëtzebuerg

[Änneren] Um Spaweck

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com