Félix Thyes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Félix Thyes war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch. Hie gouf den 19. Januar 1830 zu Lëtzebuerg gebuer. Säi Papp hat an dem Napoléon senger Arméi a Russland gekämpft. Hien huet zu Rolleng, Virton, Arel a Lëntgen gewunnt.
No dem Stater Kolléisch, wou hien duerch heefegt Feelen opfgefall ass, goung hien op Bréissel op d'Uni Droit studéieren. Hie gëtt de Frënd vum Charles De Coster, dem Auteur vum La légende d'Ulenspiegel.
Säi Liewe laang huet hien ënner enger schwaacher Gesondheet gelidden; vum Alter vun zwee Joer un, hat den Thyes ee Bee gelämt, an hie konnt nëmme mat Hëllef vun enger Krätsch goen. Hie ass den 8. Mee 1855 zu Bréissel gestuerwen.
[Änneren] Wierker
- "Essai sur la Poésie luxembourgeoise", in: Revue trimestrielle, Bruxelles 1854.
- Marc Bruno, Profil d'artiste, Edition Princeps Bruxelles, 1855. Nodréck: 1920 an: d'Natioun, feuilleton littéraire; 1930 an: Edition du Centenaire, Linden et Hansen; 1990 an der Serie Lëtzebuerger Bibliothéik, présentéiert an annotéiert vum Frank Wilhelm.
[Änneren] Quell
- Marc Bruno, Editions du Centre d'études de la Littérature luxembourgeoise, Luxembg 1990
- Marcel Gérard: Anthologie française du Luxembourg, 1960