Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Wikipedia:Eis Schreifweis - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Wikipedia:Eis Schreifweis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Lëtzebuergesch schreiwen

Natierlech ka jidferee sech seng perséinlech Schreifweis (Orthographie) maachen a si déi allerbescht fannen… ower da liest keen deem anere seng, well da jidferee muss buschtawéieren, amplaz flësseg ze liesen. Dat gëllt fir all Sproochen, och fir d'Lëtzebuergescht; denkt emol un d'Englescht: ea gëtt 5 mol anescht ausgeschwat!

Mir winnen äis nëmmen un dat, wat regelméisseg erëmkënnt, gesinn a gemaach gëtt; also ass och eng Orthographie bal nëmmen duerch eng Gewunnecht vu Regelen an de Grëff ze kréien… dat huet vill manner mat "schwéier" wéi mat "ongewinnt" a Praxis ze dinn; gewinnt iech an d'Kanner u lëtzebuergesch Texter a Bicher!

All Schreifweis riicht sech no Regelen/Normen, déi zentral festgesat ginn: dat geschitt deelweis nom Ouer (phonetesch), no der Geschicht vu Wierder (ety-mologesch), mä net onbedéngt no enger konsequenter "Logik"; dat glungenst Beispill dofir ass alt erëm déi englesch Orthographie, deelweis och déi franséisch.

Well d'Lëtzebuergescht vill manner geschriwwen, gedréckt a gelies gëtt wéi déi grouss Sprooche mat Milliarde vun Zeitungs- a Buchsäite pro Joer, musse mir aner Weeër goen, a mir sollen dofir och deemno méi verstänneg an tolerant matenee sinn. De gudde Wëll an de perséinlechen Intresse bréngen hei méi wéi rout Sträpp a verluere Ponkten. Wann "Diktater", dann ower net fir engem d'Flemm anzedreiwen, mee fir aus erausgepëtzte "Knätzelen" ze léieren.

Wien dëst Hëllefs-Blietchen "am Kapp" huet, dee schreift eis Sprooch zu 90% richteg; fir dee leschten Detail gëtt et nach vill aner Mëttelen. Et ass net geduecht, fir "duerchzekucken", mee fir méi dacks an de Grapp ze huelen a stéckelchersweis gutt ze "knaen". De Rescht kënnt da bal ganz duerch… d'Gewunnecht.

Wat ass net méi an eiser Schreifweis ?

e'- o´- ß - î - û - ê - ô - ö - â - è
  • net: we´h - Ke´h - le´f - wo´ - Strôß - Môß - Fîß - gèt
  • mee: wéi - Kéi -léif - wou – Strooss – Mooss - Fiiss - geet

Den ö gëtt et nëmmen als laangen ö (blöd, Föhn…)

Den h hannen a bannen ass ewech…

...wann een e bei "integréierte" Wierder net héiert

  • net: Weiher – Kéiher – Droht – Kouh – wouher - Johr
  • mee: Weier - Kéier - Drot - Kou - wouer - Jo(e)r
De jh ass ganz eraus !
  • Jang, Jemp, jummen, just …
Franséisch Wierder behalen hire ^(circonflexe)
  • Hôtel, Pâtisserie, Câpren…

Mee keen "Hittche" (méi) op Lauter, déi och am Lëtzebuergeschen duerch d'Nues ginn (Nasalen): Chance, Timber, Chamber…

Vokalen (i-u-e-o-a-)… eenzel oder duebel ?

De laang geschwaten e (Breedewee, Feierdeeg, deelen) ass ëmmer duebel, och wa vir- oder hannendrun en ë kënnt(leeën, gëeelzt…); an original gebrauchten däitsche Wierder bleift den e eenzel (Segen, eben, Ekel, Regel, Meter).

Prinzip
  • 1 Vokal vrun 1 Konsonant ass laang
  • birelen - Diren - tuten - hurelen - molen - Nolen - blosen – Ham – kal - Bal
  • 1 Vokal vrun 2 Konsonanten (oder méi) ass kuerz
  • richteg - Dusch – kuschen – Kascht – Ball – Hamm (d'Uertschaft Hamm)

Dat gëllt och elo fir d´Verb-Formen alleguer, déi sech nom lëtzebuergesche Stack (Infinitiv) riichten an net nom däitschen:

  • ginn/gëff, sinn, hunn, gëtt, ass, hutt… falen/fält, gëllen/gëllt, fannen/fënnt
  • 2 Vokale vrun 2 Konsonanten (oder méi) gi laang geschwat…anescht gedréint: vrun 2 oder méi Konsonante muss de laang geschwate Vokal duebel geschriwwe ginn, soss gëtt hie kuerz gelies!
    • riicht - diichten - Duuscht – Kuuscht – Haascht – laanscht - Aarbécht
    • richt- dicht- Dusch - kusch
Beispiller fir ze vergläichen
  • den Hond kuscht fir eng Kuuscht…no der Dusch hat ech Duuscht
  • dee Gaascht bascht vu Gascht… d´ Moss moosst d´Strooss a roost
  • ewéi rosen…batsch dee Baaschtert mat der Baatsch an der Kap op de Kapp…
  • d´Fiiss an d´Giss leien am Schloff am Schlof…looss/loss (Éislek)
  • molen a gemoolt: Wann hanner engem laanggeschwate Vokal nëmmen EE Konsonant kënnt, gëtt de Vokal nëmmen EEmol geschriwwen. Ech gi molen (EEN "o", well nëmmen EE Konsonant, den "l" hannendru kënnt); ech hu gemoolt (nom laanggeschwaten "o" kommen zwéi Konsonanten ("lt") also muss de Vokal "o" duebel geschriwwe ginn.
  • lafen
  • Kraaft: zwéin a, well hannendrun ZWEE Konsonante kommen.
Zesummegesate Wierder

Bei zesummegesate Wierder behällt all Deel seng Schreifweis:

  • Al+stad, of+rappen, vir+liesen, Ur+grousspapp, Of+fall

Dat gëllt och, wann e "Genitiv-s" dotëscht steet: Schof-s-pelz…

Diphtongen a "Rutschlauter"

Typesch Duebel-Lauter (Diphtongen a "Rutschlauter"), déi mir zesoen net am Däitschen oder Franséische fannen, dacks ower am Hollänneschen oder Engleschen.

  • éi- féier déi béis Stéieren néierens séier
  • ou- grouss rout Rouse sinn zou
  • äi- gëff äis gläich wäisse Räis
  • äe- d´Päerd fäert d´Gäert an d´Mäert (ower net vrun engem r eleng: Kärel, Pärel, Märel, Här, gär…)
  • ue- huel uewe lues Huewer, uerg fueren
  • ie- wien hieft hien am Hiem? ( den ie ass ni "laangen i" ! )
  • ue- oe- ae ginn ewéi 2 Bustawe gelies, ni als däitschen ü-ö-ä, (just an Nimm): fuer am Joer Frae froen, wie liest uewent den Aen?

Mat eiser Schreifweis kann een och typesch regional Lauter schreiwen: Millermoaler, Froaen, Guaart, hiän ass derniäft, d'Öuewersauer…

Sproochlech Klengegkeeten

Ass et "Lëtzebuerger" Hunneg oder "lëtzebuergeschen" Hunneg ?
  • "Lëtzebuerger", mat groussem L, gëtt bei offiziellen, "wichtegen" oder feierleche Saache gebraucht: "d'Lëtzebuerger Nationalhymn". "Lëtzebuerger", mat groussem L, ass eigentlech d'Adjektiv vun de "Lëtzebuerger Leit": "d'Lëtzebuerger Nationalhymn" ass d'Nationalhymne vun de Lëtzebuerger
  • "Lëtzebuergesch", kleng geschriwwen, gëtt bei "normale" Saache gebraucht: "lëtzebuergesche Moschtert". Mee "lëtzebuergesch" ass besonnesch d'Adjektiv vun enger Qualitéit, déi eppes mat Lëtzebuerg ze dinn huet: "lëtzebuergesche Moschtert" ass vu Lëtzebuerg.
Ziel mer Eppes
  • 1 eent (Mee: Eng Kaz huet ee Schwanz)
  • 2 zwee (Mee: Zwou Fläsche fir déi zwéi Jongen)
  • 3 dräi
  • 4 véier
  • 5 fënnef
  • 6 sechs
  • 7 siwen
  • 8 aacht
  • 9 néng
  • 10 zéng
  • 11 eelef
  • 12 zwielef
  • 13 dräizéng
  • 14 véierzéng
  • 15 fofzéng
  • 16 siechzéng
  • 17 siwwenzéng
  • 18 uechtzéng
  • 19 nonzéng
  • 20 zwanzeg
  • 21 eenanzwanzeg
  • 30 drësseg
  • 40 véierzeg (Oppassen op d'Eifeler Regel!) Een"a"véierzech
  • 50 fofzeg (Oppassen op d'Eifeler Regel!)
  • 60 siechzeg (Oppassen op d'Eifeler Regel!)
  • 70 siwwenzeg (Oppassen op d'Eifeler Regel!)
  • 80 achtzeg
  • 90 nonzeg
  • 100 honnert
Wou sech d'Stattfannung befënnt

Amplaz vum "stattfannen" gëtt op Lëtzebuergesch "ofgehale ginn" gebraucht. Amplaz vum "sech befannen" gëtt op Lëtzebuergesch "sinn" gebraucht.

Hyper-, mega- a superquokeleg Wierder
  • En Duxall, vill Duxäll
  • e Pottschamb, méi Pottschampen (b - p !!)
  • nondidjö
  • jiddesch (ass d'Adjektiv fir eppes wat mat Judden ze dinn/doen huet)
Iwwer d'Zielen, d'Erzielen an d'Verzielen
  • eng Geschicht zielen
  • eng Geschicht erzielen
  • Suen zielen
  • sech verzielen (net richteg zielen)
Iwwer Bäll, déi mat Fouss gestouss ginn

Wann am Sport Bäll mam Fouss gespillt ginn, da geet et (meeschtens) ëm Foussball. Se ginn net mam Foot, net mam Fuss an och net mam Futt gestouss.


Den ë an den é

ë

Den ë steet ëmmer amplaz vum kuerz betounten däitschen ö, ower net bei Artikelen (den, dem) oder dem Firwuert (pronom) vun der 3. Persoun (em,en,es, et):

  • gëlle Pëlle wëllen net (nei Ausnam!) ëmmer erëm nëmme mëll
  • Ënnen… de Joss gëtt dem Dëmm es… gëff em fënnef Fëmmen

Nach eng Kéier: Den ë kënnt nëmmen an eng betounte Silb. - Also: "nëmmen net op englesch"

é

Den é steet nëmmen (nach) a kuerze betounte Silben:

  • Mécken, Réck, bécken, Béchs, Geléng, kéng… déi Échel mécht dat dréchen

ower net (méi) a Besëtz-Wierder (meng, deng, seng), grad ewéi an Uertschaftsnimm, wou d´Silb net betount ass:

  • Diddeleng, Téiteng, Leideleng…

: Lénger, Réngel.

Oppassen: mir hu keen è (eleng, reng, Bengel)

Ufank- a Schlusskonsonanten

d-t-b-p-f-w

De Schluss-Konsonant d-t-b-p-f-w riicht sech nom däitsche Schrëftbild, och wann dee Konsonant am Lëtzebuergesche beim Verlängere "weech" gëtt ( Brot/broden):

  • Doud/dout (Tod/tot), Heed (Heide), Rad/Rat (Rad/Ratte), gutt (gut), Brout (Brot), rout (rot), Blat (Blatt), Stëbs (Staub), Kriibs (Krebs), Ribb (Rübe), Rëpp (Rippe), Lëpps (Lippe), Bréif (Brief), déif (tief), Léiw (Löwe) …

Ass keng esou Ofleedung méiglech, da gëtt den haarde Konsonant (t-p-f) geholl.

G oder ch um Schluss ?

Banne bleift de "g" nom däitsche Schrëftbild stoen:

  • méiglech, Bierger, Buergen, Vugel, Spigel…

De "g" bleift och normalerweis um Enn wéi am Däitschen; just wann d'Silb kuerz a betount ass, schreiwe mir den "ch":

  • am Krich war genuch Luch a Bedruch am Zuch…
V oder f um Ufank ?

De v oder f als Ufanksbuschtaf steet nom däitsche Schrëftbild:

  • Fëll déi viischt (vordere) Fläsche voll, ower net déi fir (für) vir (vorne).

Friem Wierder

An eiser Sprooch gëtt et kéipweis Wierder déi kee lëtzebuergescht "Gesiicht" hunn, an déi just wéi am Däitschen, Franséisechen, Engleschen oder Italiéinesche geschwat bleiwen; mir kënnen äis et duerch eis Sprooche-Situatioun "leeschten", déi normalerweis och esou wéi an der Originalsprooch ze schreiwen; dat gëtt bestëmmt och manner Verkuerbelerei an eise Schoulen.

Mir hale bei griichesch-laténgesch a romanesche(franséische) Wierder hirt "Gesiicht" bäi: * Geographie – Comité . Commissioun – Chouer- Chrëschtdag – Courage – Cours – Computer… Dat passt vill méi elegant a ganz logesch an eis Sprooche-Landschaft. Ausser bei Wierder, déi am Däitsche schon geännert gi sinn: Foto - Elefant - Telefon

Oppassen op d'Schreifweis vun agebiergerte Wierder: Tëlee - Vëlo !

Den Apostroph

Den Apostroph(') steet, ewéi an anere Sproochen, fir een oder méi Buschtawen, déi ewechfalen a genee op deer Plaz, wou si ewech gelooss ginn:

  • 't reent d'meescht; 't ass d'Erna, 't huet d´Gripp…

D'Eifeler Regel

Den n (um Enn vun engem Wuert) gëtt net geschriwwen, wann en net ausgeschwat gëtt. Dat ass de Fall, wann dat nächst Wuert mat engem Konsonant ugeet.
Beispiller: e grousse Jong, däin deire Vëlo, en ale Jeeër

Oppassen op d'Ausnahmen

  • Den n bleift bannen am Saz vrun i-u-e-o-a / n-d-t-z-an h stoen.
    • Beispiller: den Näid, mäin Drauwenzocker, den Tunnel, en Zockerbäcker, säin Hobby, säi groussen Hutt
  • Am Geschriwwene bleift den "n" vru Sazzeechen (dozou zielt och d'Klamer) stoen.
  • Bei Wierder op -oun bleift den n ëmmer stoen.
    • Beispill: eng Millioun gewannen
  • Den n bleift um Enn vun engem Numm
    • Beispiller: Den Här Bollen geet. A Kolumbien bléien d'Liljen. Zu Bieden reent et nees.

Grouss a kleng, getrennt oder zesummen ?

Grouss a kleng, oder getrennt riicht sech nom däitsche Gebrauch!

Grammatikalesches

Mir hu KEE Partizip am Présent

Den däitschen 1. Partizip (oder Präsenspartizip, oder Mittelwort der Gegenwart) gëtt et bei eis NET.

  • Lafend Leit; dat sinn: "Leit, déi lafen".
  • Kräischend Kanner; dat sinn: "Kanner, déi kräischen".
  • Aus Asien (haut Indonesien) kommend hunn d'Aboriginies ..: dat sinn: ...
Wéi ass et mat de Verben an der Vergaangenheet ?

Eist Beispill: Si bevëlkerten d'ganzt Land an entwéckelte verschidde Sproochen a Kulturen." Dat gëtt et bei eis NET.

Mir kennen nëmmen e puer Verben, déi eng Vergaangenheetsform hunn:

  • sinn: du waars, si waren
  • hunn: du has, si haten
  • bleiwen: si blouwen
  • denken: si duechten
  • däerfen: si duerften
  • falen: si foulen (Éislek)
  • fänken: ech foung
  • froen: ech frot
  • gesinn: si gesouchen (Éislek)
  • ginn: si goufen
  • goen: si goungen
  • halen: si houlen (Éislek)
  • hänken: si houngen
  • heeschen : si houschen (Éislek)
  • kënnen si konnten
  • kommen: si koumen
  • kréien: si kruten
  • leien: si louchen
  • maachen: si mouchen (Éislek)
  • sëtzen: si souzen
  • soen: si soten
  • sollen: si sollten
  • stoen: si stoungen
  • wëllen: si wollten
  • wëssen: si woussten
Iwwer Adjektiver mat -bar

Et wier méi praktesch, mee mir hunn ausser "dankbar" "wonnerbar" a "scheinbar" kaum Adjektiver mat ...bar

  • essbar = fir z'iessen
  • beschreibbar = fir drop ze schreiwen
  • ausziehbar = fir erauszezéien
De Plural bei Wierder mat franséischen Originnen
  • De franséische Plural op "s", "es" an "x" fällt ewech, a gëtt ersat duerch d'Plural-Endungen "en" oder "er".
    • en Accident --> Accidenter
  • Net ausgeschwate Schlusskonsonante bleiwen
    • e Bord --> Borden (ausgeschwat:Boren)
    • e Camion --> Camionen
Oppassen op d'Eifeler Regel: Camione flécken

Fir ze liesen

  • BRAUN, Josy, Eis Sprooch richteg schreiwen. Bartreng, Rapidpress 12. Oplo 2006, ISBN 2-9599684-4-1
  • SCHANEN, François / ZIMMER, Jacqui, 1,2,3 Lëtzebuergesch Grammaire, Band 3: L'orthographe. Esch-sur-Alzette, Schortgen, 2006, ISBN 10: 2-87953-022-9; ISBN 13: 978-2-87953-022-2
Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com