Echidna (Mythologie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Echidna war an der griichescher Mythologie en Ongeheier mat Fraekierper, der hieren Ënnerleif an e Schlaangekierper iwwergaang ass. D'Iwwerliwwerung nennt verschidden Elteren: de Phorkys an d'Keto, den Tartaros an d'Gaia oder de Chrysaor an d'Styx. Hiere Mann war den Typhon, deem se verschidden aner Ongeheier gebuer huet, z.B. De Kerberos, d'Chimaira, de Sphinx an de Neméiesche Léiw.
D'Echidna, déi zwar stierflech war awer net gealtert ass, huet a Kilikien oder um Peloponnes gelieft a Spazéiergänger, déi bei hierer Hiel laanscht komm sinn, ausgeraibert bis se schliisslech vum Argos Panoptes embruecht ginn ass.