Demy Schlechter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Dominique (genannt Demy) Schlechter (16. Februar 1884 zu Donkels - 13. Juni 1923 um Lampertsbierg) war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
Hien ass zu Dikrech an de Kolléisch gaangen, gouf awer virun der Premier an d'Stad an e Buttek an d'Léier geschéckt. Hien huet sech awer weider nierwelaangscht a Konscht a Literatur virugebildt. Nodeems en dem Willy Goergen seng Heemechtstéin gelies huet, huet en decidéiert, jut nach op Lëtzebuergesch ze schreiwen. Virdru ware seng Gedichter op Däitsch. Seng éischt Publikatioun war en Eenakter, e Koméidistéck, dat Sou sinn s'all geheescht huet. Dono huet en zwee Stécker geschriwwen, déi awer net gedréckt goufen: Wat de Villche vum Chrëschtkëndche krut a Wat den Himmel huet gebonnen. Dono huet den Demy Schlechter e Gedichtsband publizéiert, Vioulen, an en Eenkter, Et woren zwee Kinnekskanner. E weidere Gedichtsbändchen Nei Vioulen koum net méi eraus, an en Theaterstéck a 4 Akten, Déi helleg Äerd, ass net méi fäerdeg ginn, wéi de Schlechter, deen um Enn vu sengem Liewe selbstännege Reesender war, gestuerwen ass.