David Fabricius
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den David Fabricius gebuer den 9. Mäerz 1564 zu Esens (Ostfriesland), a gestuerwen de 7. Mee 1617 zu Osteel), Theolog war e bedeitenden Amateurastronom a Kartograf. Hien huet d’Verännerlechkeet vum Stär Mira entdeckt a war de Papp vum Johann Fabricius, den am Joer 1611 als Éischten eng wëssenschaftlech Ofhandlung iwwer d’Sonneflecke verëffentlecht huet.
[Änneren] Säi Liewen
Den David Fabricius gouf als Bouf vun engem Schmadd zu Esens gebuer. No kuerzem Studium huet hie mat 20 Joer en Déngscht als evangelesche Paschtouer zu Resterhafe bei Dornum ugeholl.
Vun dëser Zäit un, beschäftegt hie sech intensiv mat der Astronomie. De Fabricius beobacht d’Sonn, de Mound, d'Stären, d'Planéiten, d'Koméiten an d’Nordliichter an fängt e Bréifwiessel mat grousse Geléierte vu senger Zäit un, dorënner den Tycho Brahe, de Simon Marius an de Johannes Kepler. Mam Kepler huet hien tëschent 1601 a 1609 véierzeg Bréiwer getosch, an deenen et haaptsächlech ëm de Planéit Mars goung. De Fabricius huet och vill Reesen ënnerholl.
Den 3. August 1596 bemierkt de Fabricius als Éischten d’Verännerlechkeet vum Stär Omikron Ceti am Stärebild Walfësch. Dëse Stär verännert iwwer en Zäitraum vun 331 Deeg seng Hellegkeet.
Niewent der Astronomie setzt sech de Fabricius och mat der Meteorologie auserneen, woubäi hien déi Observatioune vu Stären, déi en ëmmer erëm widderhëlt an e „Calendarium“ andréit, dat bis haut erhalen ass. Hien huet och e méiglechen Afloss vun de Stären op d’Bewegung vun den Äerdloftbewegungen ënnersicht.
1611 koum säi Jong Johann (den eelste vu siwe Jongen) vum Studium aus der Stad Leiden zeréck an huet en Teleskop matbruecht. Bei Observatiounen vun der Sonn am Februar 1611 bemierke si donkel Flecken. Papp a Jong féieren zesumme Beobachtungen duerch a konnten d’Existenz vu Sonneflecken zweifelsfräi festhalen. Aus der Bewegung vun de Flecken ermëttelt den David Fabricius d’Rotatiounsdauer vun der Sonn. Obwuel schons de Galileo Galilei zu Pisa, den Thomas Harriot zu London an de Christoph Scheiner zu Ingolstadt am Joer 1610 Flecken op der Sonne gesinn haten, war de Johann Fabricius den Éischten, den doriwwer eng wëssenschaftlech Ofhandlung publizéiert huet. D’Enn vum David Fabricius ass kurios. Sou soll e kuerz viru sengem Doud eng Priedegt gehalen hunn, an deeër hie behaapt huet, hie géif e Gänsen- an Hingerdéif kennen, wëllt awer de Numm net nennen. En eegent erstalltent Horoskop huet Ongléck fir de 7. Mee 1617 virgesinn. De Fabricius huet de ganzen Dag am Haus verbruecht. Owes huet hie gemengt d’Gefor wär eriwwer an hin ass spazéiere gaangen. Op dem Wee ass hi vun engem Mann, dem Frerick Hoyer mat engem Torfspuet erschloe ginn. Den Hoyer hat sech als Déif bloussgestallt gefillt. Den Hoyer gouf wéinst senger Dot zum Doud geriedert.
Haut erënnert e Monument op dem Kierfecht zu Osteel an eng Sandsteenplakett un der Kierch vu Resterhafe un den David Fabricius.
[Änneren] Literatur
- Diedrich Wattenberg: David Fabricius. Der Astronom Ostfrieslands. Arndt, Berlin 1964