Déi zwéi vum Bierg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Nach kee Plakat do
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Déi zwéi vum Bierg |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer: | 1985 |
Dauer: | 162 Minutten |
Originalsprooch: | Lëtzebuergesch an Däitsch |
Equipe | |
Regie: | Menn Bodson Marc Olinger Gaston Rollinger |
Dréibuch: | Henri Losch |
Kamera: | Gaston Rollinger |
Musek: | Gasty Meyer |
Produzent: | RTL Télé Lëtzebuerg |
Haaptacteuren | |
Christian Kmiotek als Mill Fernand Mathes als Välten Vicky Ternes-Weydert als Deckesch Josette, dem Välten, seng Fra Marie-Paule von Roesgen als Schréidesch Tréis Fernand Fox als Jemp Zimmer Marie-Christine Faber als Zimmesch Gréit, dem Jemp seng Fra Pia Peschon als Schréidesch Renée Jean Clerf als Réidengs Néckel Henri Losch als Paschtouer Marc Olinger als Schmadds Fränz Aly Bintz als Deckesch Dëmm Juliette François als Deckesch Rous Charles Müller als Deckesch Pitt Paul Greisch als Schoulmeeschter Steve Karier als Kontesch Ern Ed Maroldt als Samuel, de Judd Philippe Noesen als Passeur Jempi Seil als Bauer um Jéigenhaff Jängi Duhr als Giischtchen Änder Jung als 1. Gestapo Josy Braun als 2. Gestapo Conny Scheel als 1. Feldgendarem Patrick Hastert als 2. Feldgendarem Maurice Molitor als NS-Zaldot Emile Duhr Claude Schmit Christiane Schlechter Hartmut Schroeter Anne Weyer Fernand Lipski Ger Schlechter Roland Gaul Robert Sibenaler Camille Olinger Club des Jeunes Iewerleng Fanfare Iewerleng Gesankveräin Uewerpallen Club des Jeunes Useldeng |
Déi zwéi vum Bierg ass e Lëtzebuerger Film vum Menn Bodson, Marc Olinger a Gast Rollinger aus dem Joer 1985. De Film spillt an der Zäit vum Zweete Weltkrich a stellt dat dagdeeglecht Liewe während der däitscher Occupatioun duer. De Mikrokosmos vum Duerf (dat ouni Numm bleift) steet dobäi exemplaresch fir déi verschidde Schicksaler, déi d'Land huet missen erleiden.
Fir d'éischt a sechs 30 bis 40 Minutte laangen Episoden op der Tëlevisioun gelaf, ass Déi zwéi vum Bierg dono an enger gekierzter Versioun am Kino gelaf.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Zwee gutt Kollegen, de Mill an de Välten, hu sech versprach ëmmer fireneen do ze sinn. Wéi dat während der däitscher Occupatioun war, hunn e puer Leit, déi op der Nazisäit stoungen, probéiert de Leit am Duerf d'Liewe schwéier ze maachen an hu vun all Geleeënheet profitéiert fir bei der Gestapo Meldung ze maachen. Dem Välten seng Famill gouf op esou eng Manéier verschleeft...
[Änneren] Kuriéises
Am Dréibuch heescht de Film Di zwéi vum Bierg an op dem Filmplakat Déi zwee vum Bierg.
[Änneren] Literatur
- ... sou laang een drun denkt... an de Szenario vum Film:Di zwéi vum Bierg vum Henri Losch. (Edition RTL) 1985