Codex Aureus Escorialensis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Codex Aureus Escorialensis gouf am 11. Joerhonnert am Benediktinerklouschter vun der Iechternacher Abtei geschriwwen a gemoolt. En ass haut an der Real Biblioteca de San Lorenzo de El Escorial ze bewonneren.
D'Gëllen Evangeliebuch aus El Escorial, ee vun deene schéinste Codices aus der karolingescher Zäit gouf fir den Heinrich III. vu Lëtzebuerg gemaach. E besteet aus 340 Säiten an enthält eng Sammlung vun de véier Evangelien. Wéi säin Numm et seet (aureus = gëllen) si grouss Partien aus rengem Gold geschriwwen.
Den Text vun den Evangelien ass op zwou Kolonne verdeelt. D'Schrëft ass zimmlech grouss a ganz harmonesch, ouni siichtbar Korrekturen. De Codex zeechent sech aus duerch e ganze Koup Rummen an Decoratiounen. Am schéinst sinn déi Säiten, op deenen d'Evangelisten ze gesi sinn, an déi éischt Wierder vun hiren Evangelien.