Codex Aureus Epternacensis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Codex Aureus Epternacensis (och: Evangeliar vun Iechternach) ass e Meeschterwierk vun der mëttelalterlecher Buchmolkonscht. En ass tëschent 1030 an 1050 am Klouschter vun Iechternach ëntstanen. Dee matt vill Opwand gemaachene Buchdeckel war e Cadeau vun der der Käserin Theophanu (gest. 991) an hierem Jong Otto III. (983-1002) un d’Iechternacher Benediktinerabtei.
D’Pateren hun doropshinn eng Evangelien-Handschrëft geschafen. Dës Handschrëft hiewt sech vun deenen aneren, déi zu deeër Zäit zu Iechternach gemaach goufen, virun allem duerch déi räichhalteg Illustratiounen vun Szenen aus dem Liewe vu Christus of. Den Text ass op Pergament geschriwwen a matt Initialen (Ufanksbuchstawe vu Kapitelen, déi besonnesch ausgemoolt sinn) decoréiert. Och ass d'Buch méi grouss wéi aner Evangeliebicher.
Fir d’éischt kënnt eng Virried vum Hieronymus un de Poopst Damasus. Den Hieronymus hat am 4. Joerhonnert d’Reiefolleg vun de véier Evangelie festgesat. Da kënnt eng aner Virried, déi explizéiert wéi d’Kanontafelen ze gebrauche sinn. D’Kanontafelen erméiglechen, ze kucken, wat fir Partien bei deene verschiddenen Evangelisten iwwerteneenstëmmen.
Da kommen déi véier Evangelien. Virun all Evangelium, dat textgenee erëmgi gëtt, ass e Bild vum Evangelist, deen als Schreiwer duergestallt ass. Op am ganze 16 Säite sinn a je dräi Sträifen, déi ënnertenee stinn, iwwer honnert Eenzelbiller gemoolt. Besonnesch ervirzehiewe sinn déi Säiten, op deenen den Text aus rengem Gold geschriwwen as (dohier den Numm). De Bildrand ass mat Purpurfaarf gemoolt, déi, well se sou rar wor, d'Faarf vun de Kinneken an Herrscher war. All Biller spigelen d’Liewen am Mëttelalter ërem a sinn domatter eng wichteg Quell, fir ze wësse, wéi d’Leit gelieft hunn. Schliisslech mussen nach d'"Riddos"-Säiten ernimmt ginn, op deene gemoolten Imitatioune vu byzantinesche Seidestëfter ze gesi sinn.
Um Deckel, deen üppeg mat Edelsteng decoréiert ass, gesäit een, op Goldblech, déi zwéi Stëfter: lénks ënnen de jonke Kinnek a spéidere Käser Otto III., riets ënne séng Mamm, d’Käserin Theofanu. An deenen anere Goldpartieë sinn déi véier Paradäisflëss an d’Symboler vun de véier Evangelisten ze gesinn. Op der lénker Säit stinn d’Muttergottes, déi helleg Willibrord a Benedikt, an op der rietser den hellege Péitrus, de Bonifatius an de Liudger. D’Relief aus Elfebeen, an der Mëtt vum Deckel, weist de Jesus um Kräiz, gedroe vun der Äerd.
De Codex Aureus stung 1955 zum Verkaf. D’Lëtzebuerger Regierung kunnt oder wollt deemools net déi gefroten Zomm opbréngen, soudass de Codex vum Germanisches Nationalmuseum vun Nürnberg opkaf gouf, wou en och haut nach ze gesinn ass.
Zu Lëtzebuerg ginn et ëmmerhin e puer Exemplare vun der Facsimile-Editioun, déi 1993 erauskoum. Eent dovunner kann een am Iechternacher Abteismusée bewonneren. Och déi eng oder aner lëtzebuerger Timbersserie huet Sujetën aus dem Codex iwwerholl.