User talk:Ce
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
[Änneren] Wëllkomm
Wëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de dir als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss.
Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn.
Fir deng Messagen ze signéieren, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum dobäistoen.
Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht. --Alexandra 14:03, 20 Oktober 2006 (UTC)
[Änneren] Haus vun der Natur
Moien,
an ëntschëlleg, ech hu warscheinlech däin éischte Saz nees geläscht, wéi ech d'Haus vun der Natur verlinkt hat; d'Fledermaus hat do schons en Artiekl draus gemaach. Mee zéck elo net, méi doruechter ze schreiwen; Plaz genuch hu mer jo ;-)
--Zinneke 14:11, 20 Oktober 2006 (UTC)
As OK, hat bei Naturschutz just di vill Reserves Naturelles fonnt an dobai iwwersinn dat d'Haus schon eng Säit huet... Ce 14:13, 20 Oktober 2006 (UTC)
[Änneren] Guiden zu Lëtzebuerg
Salut, Am COSL ass eng "Fédération des Guides Luxembourgeoises" op der Lëscht, mä ech fannen do näischt doriwwer. Dat eenzeg wat ech gesinn hunn ass e "Bureau de Liaison des Associations Guides du Luxembourg". Weess du wat dat eent an dat anert ass? Ginn et déi zwee, ass een Numm geännert ginn oder wéi gesäit dat aus? Falls du do méi weess (oder en aneren deen dathei liesst) wier ech frou fir eng Äntwert ze kréien.--Fliedermaus 16:10, 20 Oktober 2006 (UTC)
Am Artikel stounge Sätz, déi mer (ech hat se net gesi gehat) ganz lusch virkommen. Et wier ganz fäin, wann s de eis déi Zesummenhänkereie wéils erklären. Merci. --Cornischong 21:26, 20 Oktober 2006 (UTC)
Salut, jo do stung folgendes: Niewt den zwee offiziellen Verbänn LGS an der AGGL get et nach een dretten Verband, d'FNEL. D'FNEL nennt sech selwer Scouten a Guiden Verband. Allerdengs ass d'FNEL net Member vum Weltverband vun de Guiden, WAGGGS. Dofier si sie och net offiziell als Guideverband unerkannt. Trotzdem greift d'FNEL op des emstridden Pratique zreck fier nei Memberen ze recrutéieren.. Deen läschte Saatz fannen ech vollkommen iwwerflessech, well dat mat der Definitioun "Guiden" guer näischt ze din huet an just evtl "béist Blutt" verursaacht. Dofier hun ech en geläscht. Di Sätz fierdrun sin vläit och iwwerflessech, awer wéinstens wouer an net provokativ. Di 3 Verbänn sin op fier Jongen an Meedercher, just dat eben just d'LGS an denen 2 Int. Org. Member sin, di aner just an 1 respektiv. Dat misst awer am Prinzip vum Scoutismus an dem Versteessdemech am grand Public keen Ennerscheed maachen. Wann weider Froen sin, net zécken... --Ce 11:25, 1 November 2006 (UTC)