Camille Wampach
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Camille Wampach (* 28. August 1884 zu Esch-Uelzecht, † 7. August 1958) war e lëtzebuergeschen Historiker.
No senger Première an der Stad geet de Camille Wampach an de Seminaire a gëtt 1908 zum Paschtouer geweit. Hie kënnt als Prefekt an den Iechternacher Kolléisch. Mee do hält et en net laang, e geet op Berlin op d'Universitéit studéieren. 1921 ass hien erëm zréck am Land als Paschtouer zu Hamm.
1933 gëtt hien Dozent op der Uni Bonn fir westlech Geschicht, an 1935 gëtt hien do Honorarprofesser. 1941 refuséiert hien de Goerres-Preis a gëtt dofir 1942 entlooss. Hien zitt sech op Iechternach zeréck, wou en d'Archiver studéiert. 1946 gëtt hien nees zu Bonn Professer.
Nom Zweete Weltkrich schafft hie virun u sengem Liewenswierk, dem "Urkunden- und Quellenbuch zur Geschichte der altluxemburgischen Territorien bis zur burgundischen Zeit", deem säin éischte Band 1935 erauskomm ass. 1951 kënnt den 8. Band eraus, dee ganz iwwer Iechternach ass. Mat Iechternach huet hien sech besonnesch verbonne gefillt: schonns 1915 huet hien iwwer d'Grondherrschaft vum Klouschter Iechternach geschriwwen, an 1930 e Quellebuch iwwer d'Iechternacher Geschicht. 1953 kënnt e Buch vun him iwwert de Willibrord eraus.
Aner Publikatioune vum Camille Wampach sinn ë.a. iwwer d'Kierch vun Hamm, de Vertrag vun Dinant an de Péiter vun Uespelt.
De Camille Wampach ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen.