Côte de Nuits
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Côtes de Nuits ass een delimitéiert Ubaugebitt vu Wäiner am nërdlechen Deel vun der Bourgogne. Hei gëtt nëmme Pinot Noir geziicht (bis op e puer ganz wéineg Ausnahmen).
Dëse Wéngert fänkt un am Süde nieft Dijon an erstreckt sech 22 km no Norde bis op Corgoloin. All Duerf huet seng eegen Appellation controlée (AOC) fir d'Gemengen an de Premiers-Crus an an de Grands-Crus. Dee Klassementssysteem ass awer zimmlech komplizéiert; duerfir hei eng kleng Iwwersiicht:
- all Gemeng oder Duerf hut eng AOC. Et gëtt der déi iwwer de Beräich vun der Gemeng oder dem Duerf eraus ginn, anerer betreffen nëmmen een Deel vum Duerf. Sou kann z.B. e Wäin deen d'AOC Nuits-Saint-Georges huet och vun enger Nopeschgemeng si wéi Prémeaux.
- an enger Gemeng kënne verschidde Wéngerten d'Appellatioun AOC Bourgogne hunn, mee net d'Appellatioun vum Duerf oder aner Appellatiounen déi vun deem Duerf oder deeër Gemeng ofhänken.
- eng ganz grouss Parti hu Wéngerten déi Grand-Cru oder Premier-Cru klasséiert sinn. Sou kann een an enger Gemeng bis véier Appellatiounen erëmfannen wou awer nëmmen de Premier-Cru an d'AOC de Numm vun der Gemeng hunn.
[Änneren] Détailler vun den Appellatiounen
[Änneren] Côtes-de-Nuits Villages
Dës AOC ass fir d'Wéngerte vu fënnef Uertschaften an zwar: Fixin, Brochon, Prémeaux-Prissey, Comblanchien a Corgoloin. Wëll dës Dierfer ausser Fixin wéineg bekannt si ginn déi Wäiner meeschtens ënner der Appellatioun Côtes-de-Nuits-Villages gehandelt.
[Änneren] Marsannay
[Änneren] Gevrey-Chambertin
[Änneren] Nuits-Saint-Georges
Zu Nuits-Saints Georges fanne mer bal kee Grand-Crus mee eng véierzeg Premiers-Crus. D'Premiers-Crusen an d'Appellatioun Villages sinn normalerweis no enger Lagerung vu fënnef Joer gutt a bleiwen dat och nach 3-4 Joer laang. Nuits-Saint Georges huet sou wéi Beaune een Hospice mat enger Wéngertefläch vun 9,5 ha. an enger Grand-Cru Lag mat Wäiner déi sech laang halen.
[Änneren] Flagey-Échezaux
[Änneren] Vosne-Romanée
Hei fanne mer 6 Grands-Crusen:
- La Romanée
- Richebourg
- La Tâche
- La Grande Rue
- La Romanéé-Conti
- Romanée-Saint-Vivant
D'Grands-Crusen leien all iwwer dem Duerf an hunn och deementspriechend héich Präisser déi kënnen je no Cru tëschent 100 an 250 Euro pro Fläsch leien. Si si relativ schwéier am Handel opzedreiwen.