Buerg Fiels
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Buerg Fiels (Fiels) huet hiren Uerspronk am 11. Joerhonnert. Haut ass dës Buerg net méi ganz erhalen. Nëmmen e Brochdeel vun der ganzer Buerganlag huet konnte restauréiert ginn.
[Änneren] Geschicht
An den Texter fënnt een d'Häere vun der Fiels eng éischte Kéier um Enn vum 12. Joerhonnert. Um Enn vum 16. Joerhonnert gouf d'Buerg iwwerfall an a Brand gesat, an ass zanterhir eng Ruin. Op e puer Plazen deelt e Gruef d'Buerg an zwee Deeler. De Lëtzebuerger Staat huet d'Buerg am Joer 1979 opkaf a mat de Renovéierungsaarbechten ugefaangen. Nach haut ginn hei archeologesch Ausgruewunge gemaach.
[Änneren] Famillen
[Änneren] D'Homburger
Den eelsten Deel vun der Kärbuerg ass d'Homburger Haus, wat ëm 1350 gebaut gouf. Dëst léisst sech haut aus Dokumenter erausliesen, déi besoen, datt déi zwou Schwëstere vum Johann II., d'Irmgard an d'Mathilde, d'Bridder Friederich a Conrad vun Homburg tëscht 1338 an 1345 bestuet hunn. Si sinn duerch dës Bestiednësser zu Matpropriétairë vun der Buerg ginn. D'Haus selwer huet waarscheinlech aus zwee Stäck bestanen, fir all Koppel eng.
[Änneren] D'Chriechinger
D'Chriechinger Haus ass dat eenzegt Haus, wat komplett restauréiert gouf. Ët gouf ëm 1385 gebaut. Et besteet aus dräi Etagen an engem Keller. D'Trapenhaus zielt fënnef Etagë mat méi klenge Kummeren. Un der ëstlecher Säit ass en holzenen Ubau op der Héicht vum éischte Stack. Am grousse Sall um éischte Stack ass eng kleng Kapp an d'Nordsäit agelooss. Um Rez-de-Chaussée sinn d'Bäckerei an d'Kiche vun der Buerg gewiescht. Besonnesch interessant um Bakuewen ass, datt den Damp net direkt duerch de vertikale Kamäi verschwënnt: de Kamäi mécht op halwem Wee no baussen e Knécks a verleeft dann horizontal eraus. Genee iwwert dem horizontalen Deel vum Kamäin war de Schlofeck vum Haushär. An der Kichen ass ausserdeem e Pëtz vun zwee Meter Duerchmiesser. Iwwer dëse Pëtz gëtt et iwwregens eng Chriechinger Legend.