Bomis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bomis ass eng Internetfirma déi 1996 gegrënnt gouf. Sie gouf ni mat Risiko-Kapital finanzéiert.
Ufanks hu si Reklamme verkaaft op engem grousse Portal, Bomis.com, an ausserdeem hu si erotesch Biller online verkaaft.
Fir den Nupedia-Projet ze starten, huet sech Bomis mam Larry Sanger zesummegedoen, deen dunn d'Iddi fir Wikipedia hat. Bomis huet him déi noutwänneg Infrastruktur zur Verfügung gestallt: Bandbreet, Späicherplaz an den Domain.
Bomis bleift Proprietaire vun diversen Deeler vu Wikipedia, déi net Open source sinn, also net aus dem Domaine public stamen. Zu dësen zielt zum Beispill den Numm vum Domain.
Allerdéngs sollten dës Deeler der Wikimedia Fondatioun zoukommen.
Den Jimbo Wales ass den Haaptaktionnär vu Bomis. Séng Partner sinn den Tim Shell an een inactiven Investisseur. De Larry Sanger huet just mat Nupedia a Wikipedia ze dinn.