Back in Trouble
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Back in Trouble |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg Däitschland |
Produktiounsjoer: | 1997 |
Dauer: | 196 Minutten |
Originalsprooch: | Lëtzebuergesch |
Equipe | |
Regie: | Andy Bausch |
Dréibuch: | Andy Bausch |
Kamera: | Martin Gressman |
Musek: | Guy Schmit, Ulrich Kojo Wendt |
Produzent: | Lynx Productions Wüste Film |
Haaptacteuren | |
Thierry van Werveke als Johnny Guddebour, genannt Johnny Chicago Ender Frings als Chuck Moreno Nicole Max als Angie Oscar Ortega-Sanchez als Coco Moritz Bleibtreu Katarina Thalbach Dietmar Schönherr als däitsche Rentner Heintz Hoenig |
Back in Trouble ass e Lëtzebuerger Film vum Andy Bausch aus dem Joer 1997.
[Änneren] Ëm wat geet et am Film?
Den Johnny Chicago gëtt no 10 Joer aus dem Prisong entlooss mam Virsaz, do soubal nëmméi hannescht ze goen. Säi Kolleeg Chuck Moreno huet an der Tëschenzäit e gereegelt Familieliewen. Hien ass dofir net grad begeeschtert, wéi den Johnny enges Daags ugeschäert kënnt mat engem "bommeséchere" Plang, wéi een en Zuch kinnt unhale, fir engem räichen däitsche Rentner, dee seng Suen op Lëtzebuerg wëll bréngen, dës ofzehuelen. Dem Moreno säi klenge Brudder Coco awer ass Feier a Flam...
[Änneren] Trivia
Back in Trouble ass d'Suite vum Troublemaker, deen den Andy Bausch 10 Joer virdru gemaach huet.