Autonom Gemeinschaft Valencia
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Valencia ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.
Inhaltsverzeechnes |
[Änneren] Geographie
Valencia läit am Oste vu Spuenien a grenzt am Norden u Katalonien, am Westen un Aragonien a Kastilien-La Mancha an am Süden u Murcia. D'Fläch huet 23.255 km² a hëlt domat 4,6 % vu ganz Spuenien an. D'Haaptstad ass Valencia.
[Änneren] Andeelungen
Valencia ass an 3 Provënzen agedeelt, déi hirerseits a 34 Bezierker (Comarcas) agedeelt sinn.
Numm | Haaptstad | Provënz | Haaptstad |
---|---|---|---|
Valencia | Valencia | Valencia | Valencia |
Alicante | Alicante | ||
Castellón | Castelló de la Plana |
[Änneren] Geschicht
Valencia ass zënter dem 10. Juli 1982 eng autonom Gemeinschaft.
[Änneren] Politik
De President vu Valencia ass de Francisco Enrique Camps Ortiz (PP). Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress sinn 32 Sëtz an am Senat sinn 5 Sëtz.
[Änneren] Demographie
Am Joer 2005 ass d'Awunnerzuel op 4.692.449, dat sinn 10,63 % vun der spuenescher Populatioun.
[Änneren] Kuckt och