Ebooks, Audobooks and Classical Music from Liber Liber
a b c d e f g h i j k l m n o p q r s t u v w x y z





Web - Amazon

We provide Linux to the World


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Arthur Miller - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Arthur Miller

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Arthur Aster Miller (*17. Oktober 1915 zu New York; †10. Februar 2005 zu Roxbury, Connecticut) war en US-amerikanesche Schrëftsteller.

Inhaltsverzeechnes

[Änneren] Säi Liewen

Den Arthur Miller gëlt als e gesellschaftskriteschen Theaterschrëftsteller, dee géint de Cliché vum sougenannten American Way of Life geschriwwen huet. Hien huet ëmmer erëm d'ethesch Wäerter bei senge Personnagen an de Vierdergrond gestallt.

Als Jong vun enger polnesch-jiddescher Immigrantefamill wiisst den Arthur Miller zu New York op. No sengem High School-Ofschloss (entsprécht eiser Première) jobbt en eng Zäit doruechter a studéiert dann, vun 1934 un, op der University of Michigan fir d'éischt Journalismus, dono Englesch, nodeems e fir säin Theaterstéck No Villains e Präis gewonnen hat. Nach éier en 1938 seng Uni ofgeschloss huet, ginn eng Rëtsch Stécker vun him zu Ann Arbor an zu Detroit opgefouert.

De Miller mam Marilyn Monroe um Set vun The Misfits
Vergréisseren
De Miller mam Marilyn Monroe um Set vun The Misfits

Matt nëmmen 33 Joer gewënnt den Arthur Miller de Pulitzerpräis fir säi Stéck Death of a Salesman ("Doud vun engem Reesender").

Seng kritesch Haltung vis-à-vis vum McCarthysmus a senge Filmer, mee och säi Refus, virum "Comité fir on-amerikanesch Aktivitéiten" d'Nimm vu Kommunisten, matt deenen e kënneg ass, ze verroden, féieren 1957 zu enger Verudeelung, déi awer an den 1960er Joeren, wéi déi Anti-Kommunismus-Hysterie ofkléngt, nees opgehuewe gëtt.

Den Arthur Miller ass dräimol bestuedt, säin 2. Bestiedtnes mam Marilyn Monroe suergt fir héicht Medienintressi, hält awer nëmme véier Joer, bis 1960. Matt senger 1. an 3. Fra, , huet en all Kéiers e Jong an e Meedchen. Seng drëtt Fra war déi welt bekannte Fotografin Inge Morath.

Zulescht huet den Arthur Miller sech ëmmer nees géint d'Politik vum George W. Bush ausgedréckt. Hien ass am Alter vun 89 Joer gestuerwen.

[Änneren] Seng bekanntste Stécker

Säi wuel bekannstste Stéck, Death of a Salesman, gëtt ëmmer erëm opgefouert an ass haut esou aktuell wéi je. Et gouf 1985 vum Volker Schlöndorff mam Dustin Hoffman an dem John Malkovich an den Haaptrolle verfilmt an zielt d'Geschicht vum Willy Loman, deen sech net agestoe kann, dass heen doranner échouéiert ass, sech den "amerikaneschen Dram" vu Wuelstand a Succès ze erfëllen, an dofir an eng Dramwelt flücht, bis déi un der Realitéit zerbrécht.

Säi Stéck The Crucible (verfilmt 1957: Les sorcières de Salem vum Raymond Rouleau mam Simone Signoret an Yves Montand an 1996: The Crucible vum Nicholas Hytner mam Daniel Day-Lewis a Winona Ryder) spillt zwar 1692 zu Salem, wou e puer vun de leschten Hexeverbrennunge geschouchen, an développéiert, wéi eng duerch Mësstrauen, Intrigen a Verrot genierten Hetzcampagne zu deem Verbrieche kunnte féieren. D'Parallelen zum deemolegen Amerika, gezeechent vum McCarthy senger Kommunistejuegd, sinn awer onmëssverständlech.

[Änneren] Stécker (Auswiel)

  • All my sons (dt. Alle meine Söhne, fr.:Tous mes fils) (Drama, 1947)
  • Death of a Salesman (dt. Tod eines Handlungsreisenden, fr. Mort d'un commis-voyageur) (Drama, 1949) (Pulitzer Prize for Drama)
  • The Crucible (dt. Hexenjagd, fr.: Les sorcières de Salem) (Drama an zwéin Akten, 1953)
  • A view from the bridge (dt. Blick von der Brücke) (Stéck an zwéin Akten, 1955)
  • A Memory of Two Mondays (dt. Erinnerung an zwei Montage) (Stéck an engem Akt, 1955)
  • After the Fall, (dt.:Nach dem Sündenfall, fr.: Après le (Stéck an zwéin Akten, 1964)
  • Incident at Vichy (dt. Zwischenfall in Vichy) (Stéck an engem Akt, 1965)
  • The Price (dt. Der Preis) (Stéck an zwéin Akten, 1968)
  • The Creation of the World and Other Business (Stéck an dräi Akten, 1973)
  • Up from Paradise, The Archbishop's Ceiling, The American Clock (Dräi Stécker, 1981)
  • Playing for Time (dt. Spiel um Zeit) (Stéck an zwéin akten, 1981)
  • 2by Arther Miller: Elegy For a Lady, Some Kind of Love Story (Zwéin Eenakter, 1982)
  • Danger: Memory!: A double-bill of I Can't Remember Anything and Clara)(Eng Editioun vun zwee Stécker, 1986)
  • The Ride Down Mt. Morgan (Stéck an zwéin Akten, 1992)
  • The Last Yankee (Stéck an zwéin Akten, 1994)
  • Broken Glass (Stéck an engem Akt, 1994)
  • Mr. Peters' Connections (1998)
  • The Ryan Interview (2000)
  • Resurrection Blues (2004)
  • Finishing the Picture (2004)

[Änneren] Beaarbechtunge vu Stécker

  • An enemy of the People, dem Miller seng Beaarbechtung vum Hendrik Ibsen sengem Volleksfeind Stéck an dräi Akten, (1951)

[Änneren] Reportagen

  • Situation Normal (dt. Normale Verhältnisse) (1944)
  • In Russia , mat Fotoe vun der Inge Morath, Viking Press, New York, 1969

[Änneren] Dréibicher

  • The Misfits (dt.:Nicht gesellschaftsfähig) (Dréibuch zum Film vum John Huston, 1961)
  • Everbody Wins (dt. Alle gewinnen) (1990)
  • The Crucible - Screenplay (1996)

[Änneren] Roman

  • Focus (dt. Brennpunkt) (1945)

[Änneren] Autobiographie

  • Timebends (dt.Zeitkurven) (Autobiografie, 1987)


[Änneren] Literatur

  • Rainer Lübbren: Arthur Miller. Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 1977. ISBN 3-423-06819-1

[Änneren] Filmer

Irving Reis: All my Sons USA, 1948

[Änneren] Links

[Änneren] Intern

[Änneren] Extern

Our "Network":

Project Gutenberg
https://gutenberg.classicistranieri.com

Encyclopaedia Britannica 1911
https://encyclopaediabritannica.classicistranieri.com

Librivox Audiobooks
https://librivox.classicistranieri.com

Linux Distributions
https://old.classicistranieri.com

Magnatune (MP3 Music)
https://magnatune.classicistranieri.com

Static Wikipedia (June 2008)
https://wikipedia.classicistranieri.com

Static Wikipedia (March 2008)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com/mar2008/

Static Wikipedia (2007)
https://wikipedia2007.classicistranieri.com

Static Wikipedia (2006)
https://wikipedia2006.classicistranieri.com

Liber Liber
https://liberliber.classicistranieri.com

ZIM Files for Kiwix
https://zim.classicistranieri.com


Other Websites:

Bach - Goldberg Variations
https://www.goldbergvariations.org

Lazarillo de Tormes
https://www.lazarillodetormes.org

Madame Bovary
https://www.madamebovary.org

Il Fu Mattia Pascal
https://www.mattiapascal.it

The Voice in the Desert
https://www.thevoiceinthedesert.org

Confessione d'un amore fascista
https://www.amorefascista.it

Malinverno
https://www.malinverno.org

Debito formativo
https://www.debitoformativo.it

Adina Spire
https://www.adinaspire.com